Celestino Fecchi
Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Les lettres de Celestino vers différents journaux sont archivées ici. Le lien vers le journal reste disponible pour les abonnés, et le texte complet peut être lu directement sur le site.

Quand un lien externe est disponible, il peut demander un abonnement au journal. La lecture complète reste également accessible ici.

Dernières publications

08.05.2026

Aggressiv Kanner: e Spigel vun eiser Gesellschaft?

D‘Zesummespill tëschent Famill, Schoul a Gesellschaft ass wichteg fir d‘Gläichgewiicht vun de Kanner, seet de Lieser

Peut nécessiter un abonnement.

25.04.2026

An enger gesplécktener Welt verbannen eis Wuerzelen eis

Et soll ee sech u seng Originnen erënneren an net vergiessen, wou een hirkënnt, mengt de Lieser

Peut nécessiter un abonnement.

Archive publique

Vue d’ensemble des publications

28 publications visibles

08.05.2026

08.05.2026

Aggressiv Kanner: e Spigel vun eiser Gesellschaft?

D‘Zesummespill tëschent Famill, Schoul a Gesellschaft ass wichteg fir d‘Gläichgewiicht vun de Kanner, seet de Lieser

25.04.2026

25.04.2026

An enger gesplécktener Welt verbannen eis Wuerzelen eis

Et soll ee sech u seng Originnen erënneren an net vergiessen, wou een hirkënnt, mengt de Lieser

01.04.2026

01.04.2026

Waasser pridegen an Wain drénken?

De Lieser versteet net, firwat d‘Police nei Bensinnsautoe keeft, wou dach ëmmer méi op Elektromobilitéit soll ëmgestallt ginn

31.03.2026

31.03.2026

Noheet ass net de Problem, falsch Grenzen sinn et …

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

17.03.2026

17.03.2026

Luxair-Fluch op Dubai: Zäit, fir och Merci ze soen

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

09.03.2026

09.03.2026

Präventioun ass eis moralesch Flicht

Et muss endlech nohalteg an d‘mental Gesondheet an an d‘Begleedung vun de Kanner a jonke Mënschen investéiert ginn, verlaangt den Auteur

04.03.2026

04.03.2026

Selbstverdeedegungscoursen: Wa „STOP“ net méi schützt

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

19.02.2026

19.02.2026

Déi verstoppt Säit vun der Pensioun: eng Leere, iwwert déi kaum een schwätzt

Celestino Feccho, Zolwer Tageblatt

04.02.2026

04.02.2026

Wann e räicht Land seng Urgencen an de Spideeler net méi am Grëff huet

Celestino Fecchi, Zolwer

07.01.2026

07.01.2026

Schréiwen a publizéieren erfuedert Ausdaer an Gedold

Den Auteur verlaangt méi Ënnerstëtzung vu Säite vum Kulturministère fir d‘Lëtzebuerger Literatur an hir Auteuren.

05.01.2026

05.01.2026

Wann Quoten d’Kompetenz verdrängen

Den Auteur fënnt, dat net méi d’Persoun am Mëttelpunkt steet, mee d’Kategorie, zu där si gezielt gëtt

29.10.2025

29.10.2025

Anescht ze denken ass kee Feeler, mee eng Stäerkt

Demokratie bedeit, deen anere mat senger Meenung ze respektéieren an net direkt ze veruerteelen, schreift de Lieser

13.10.2025

13.10.2025

D’Monarchie: trotz Kritik gär gefeiert

D‘Politiker wiesselen, mä eis Monarchie verkierpert Bestännegkeet an dat ass hir Stäerkt, seet den Auteur

24.09.2025

24.09.2025

Wann den Ego vun engem Präsident e Konti ent an Gefir bréngt

De Lieser mécht sech Suergen ëm eng militäresch Eskalatioun, nodeem de President Macron ugekënnegt huet, hie géif den Asaz vu Buedentruppen an der Ukrain net ausschléissen

17.09.2025

17.09.2025

D Erënnerung verschwënnt mee léift bleift

Den Auteur seet dem Fleegepersonal e ganz grousse Merci, speziell all deenen, déi sech ëm Leit mat Demenz këmmeren

09.09.2025

09.09.2025

Wien schützt déi, déi eis schützen?

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

26.08.2025

26.08.2025

D’Kompetenz vun de Schwammmeeschteren ass onersetzbar

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

21.08.2025

21.08.2025

Fräiwëllege Sportasaz: e Pilier amgaang ze wackelen

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

31.07.2025

31.07.2025

De Camouflage wierkt virun allem an de Käpp

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

23.07.2025

23.07.2025

Luc Holtz: Loyalität bis zum Schluss

De Fussball-Nationaltrainer verdéngt e grousse Merci, seet de Lieser

02.07.2025

02.07.2025

Eng Gesellschafft misst méi maachen wéi just veruertellen

Den Auteur plädéiert fir Dialog an eng éierlech Chance op en neien Ufank

07.05.2025

07.05.2025

Wann Schoul zu engem stëlle Schluechfeld gëtt

Mobbing bekämpfen heescht net nëmme Strofmesuren huelen, seet den Auteur.

16.04.2025

16.04.2025

Sport déi vergiessen Therapie an de Konsultatiounzëmmeren

De Lieser mécht en Opruff, sech bewosst méi ze beweegen, am Interessi vun der Gesondheet

17.03.2025

17.03.2025

Wat maache géint Gewalt an den Schoulen

Schoulen, Enseignanten, Elteren a Politik mussen zesummeschaffen, fir nees e séchert Léierëmfeld ze schafen, mengt den Auteur

27.01.2025

27.01.2025

All Club soll eng kloer Null-Tolleranz-Politik aféieren

Den Auteur verlaangt eng Respekts-Charta an all Club a Workshoppe fir Spiller, Traineren an Elteren.

01.12.2021

01.12.2021

Gratis Tester géint ville Léit entgéint kommen

Iwwer d'Spaltung vun der Gesellschaft

Lecture intégrale

Tous les textes publiés

Chaque texte est lisible ici, même si le journal source demande un abonnement

08.05.2026 Lien externe avec abonnement possible

Aggressiv Kanner: e Spigel vun eiser Gesellschaft?

D‘Zesummespill tëschent Famill, Schoul a Gesellschaft ass wichteg fir d‘Gläichgewiicht vun de Kanner, seet de Lieser

Den Artikel mam Titel „Aggressive Kinder stellen das gesamte System auf den Kopf“ huet mech wierklech zum Nodenke bruecht. Mee vläicht stelle mir déi falsch Fro. Sinn aggressiv Kanner wierklech d’Ursaach vum Problem oder si si éischter de Spigel vun enger Gesellschaft, déi sech lues a lues aus dem Gläichgewiicht beweegt?

Als Trainer a Pädagog, deen zanter Jore mat Jonke schafft, gesinn ech all Dag, wéi staark Kanner vun hirem Ëmfeld beaflosst ginn. Respekt, Gedold a Selbstkontroll falen net vum Himmel. Si musse virgelieft, geléiert a begleet ginn. Wann dës Wäerter am Alldag feelen, dann dierfe mir eis net wonneren, wa se och am Verhale vun de Kanner verschwannen.

D’Schoul steet ënner Drock, d‘Eltere sinn dacks iwwerlaascht oder hu wéineg Zäit, an d’Gesellschaft gëtt ëmmer méi séier, méi haart a méi direkt. Kanner léiere séier, datt een nëmme gesi gëtt, wann een opfält , heiansdo duerch Lautstäerkt oder Provokatioun. Wie roueg bleift, geet ënner.

Et ginn awer Léisungen, mee si verlaange Courage a Konsequenz. De Sport ass eng dovun. Am Sport léieren d’Kanner Reegelen ze respektéieren, mat Néierlagen ëmzegoen, sech selwer ze kontrolléieren an d’Grenze vun aneren unzeerkennen. Dat si Wäerter, déi een net nëmme léiert, mee lieft.Mee och hei musse mir éierlech sinn, wann Traineren aggressiv sinn, wann Elteren um Terrain Drock maachen oder d‘Arbitter net respektéiert ginn, da stäerke mir genee dat Verhalen, dat mir eigentlech bekämpfe wëllen.

Et ass Zäit opzehalen, d’Schold hin an hier ze schieben. Net d’Kand ass de Problem. Et ass d’Zesummespill tëscht Famill, Schoul a Gesellschaft an och eis Erwuessener.

Vläicht solle mir manner verurteelen an éischter méi reflektéieren. Manner reagéieren an éischter méi virliewen. Well d’Kanner sinn net de Problem. Si sinn de Spigel.

An dëse Spigel weist eis, datt mir selwer gefuerdert sinn.

Celestino Fecchi,
Zolwer
25.04.2026 Lien externe avec abonnement possible

An enger gesplécktener Welt verbannen eis Wuerzelen eis

Et soll ee sech u seng Originnen erënneren an net vergiessen, wou een hirkënnt, mengt de Lieser

An enger Zäit, an där d’Welt ëmmer méi gespléckt ass, wou d‘Konflikter zouhuelen an d’Mënsche sech ëmmer méi géintiwwer stinn, stellt sech eng einfach Fro: Wat ass dat, wat eis nach verbënnt? Bei engem Evenement, dat viru kuerzem zu Lëtzebuerg organiséiert gouf, war och e Grupp vu Leit aus Gubbio derbäi. D’Presenz vum Buergermeeschter Vittorio Fiorucci huet dësem Ament eng symbolesch Kraaft ginn, déi wäit iwwert de Moment selwer erausgeet.

Fir mech war dat méi, wéi nëmmen eng flott Reunioun. Meng Eltere sinn an de 50er Joren op Lëtzebuerg komm, wéi esou vill aner Italieener. Net aus Confort, mee aus Nout. Si hunn hir Heemecht verlooss, ouni Garantie, mee mat Courage an enger aussergewéinlecher Aarbechtsmoral. Si hu schwéier geschafft. Ganz schwéier. A si hunn net nëmmen hiert eegent Liewen opgebaut, si hunn dëst Land mat opgebaut. An de Fabricken, op de Chantieren, do wou et haart war, wou keen anere wollt schaffen. Haut schwätze mir vill iwwer Wuelstand. Mee wéi oft erënnere mir eis, wou en hierkënnt? Dat däerf een net vergiessen.

Dës Generatioun huet net nëmme geschafft, si huet Wäerter matbruecht: Éierlechkeet, Respekt, Disziplin an Zesummenhalt. Wäerter, déi haut oft vergiess ginn. An dat ass de Problem. An enger Welt, déi sech ëmmer méi verléiert, ass et kee Fortschrëtt, wa mir eis Wuerzele vergiessen. Et ass e Réckschrëtt. Sou Begéinunge sinn dofir méi, wéi nëmme Symbolik. Si erënneren eis drun, wie mir sinn a wie mir net dierfe ginn.

E grousse Respekt un den Här Fabrizio Bei, President vum Déifferdeng 03, deen dës Initiativ op d’Bee gesat huet. Hie weist, datt et nach Leit ginn, déi Verantwortung iwwerhuelen, déi verbannen an net splécken. Well wann d’Welt sech deelt, ass et un eis, ze entscheeden, ob mir matmaachen oder ob mir eis un dat erënneren, wat eis staark mécht. Well an enger Welt, déi ëmmer méi kal gëtt, sinn eis Wuerzelen dat, wat eis nach mënschlech mécht.

Celestino Fecchi
Zolwer
01.04.2026 Lien externe avec abonnement possible

Waasser pridegen an Wain drénken?

De Lieser versteet net, firwat d‘Police nei Bensinnsautoe keeft, wou dach ëmmer méi op Elektromobilitéit soll ëmgestallt ginn

Wei ech gelies hunn, datt d' Police rezent eng Flott vun 81 neie BMW-Gefierer ugeschaaft huet, an dat mat Bensinmotoren, hunn ech éierlech gesot e bëssen erstaunt reagéiert. Net well d' Police keng zouverlässeg a performant Gefierer bräicht, am Géigendeel. Mä well dës Decisioun iergendwéi am Widdersproch steet zu deem, wat eis soss am Alldag emmer erem gesot gétt.
Als Bierger gëtt een emmer méi dozou motivéiert oder esouguer licht enner Drock gesat, op elektresch Autoen emzeklammen. Et gett vu Verantwortung geschwat, vun der Zukunft, vun engem noutwennege Wiessel. Alles schengt kloer:
elektresch ass de Wee no vir.
Dobai gétt jo och emmer erem dovu geschwat, datt ab 2035 keng nei Autoe mat klassesche Bensinns-oder Dieselmotoren méi solle verkaf ginn. Awer wann et da konkret gétt, schéngen aner Reegelen ze gellen. Ass dat dann eng Transition mat zwou
Moossen?
Engersäits gëtt de Bierger opgefuerdert, sech unzepassen, heiansdo mat bedeitende Käschten.
Anerersäits gesäit een, datt och effentlech Institutionen nach emmer op klassesch Léisungen zeréckgräifen.
An hei geet et net ëm Spezialgefierer, mee ëm klassesch Policeautoen. Genee déi, déi eis am Alldag ëmmer erëm begéinen. Zum Deel handelt et sech dobäi ëm SUV-Gefierer (BMW X3, 2 Liter Bensin, 208 PS), déi fir den Alldag optimal sinn, awer weiderhin op klassesch Bensinsmotoren setzen.
Vläicht ginn et do gutt Grënn: Autonomie, Disponibilitéit, Infrastrukturen, Sécherheet am Asaz. A wann dat esou ass, da misst een dat och esou kloer soen.
Mee dat féiert zu enger wichteger Fro: wann och déi, déi alldeeglech op Zouverlässegkeet ugewise sinn, nach net komplett op elektresch Léisunge setzen, wéi realistesch ass et dann, vum Bierger ze erwaarden, datt hien dese Schratt ouni Zweifel mecht?
Well genee do läit de Problem: net an der Decisioun selwer, mä am Signal, dat se vermettelt.
Wann d'Beispill net mam Discours iwwereene passt, da kënnt Onverständnis op. An dat féiert dozou, datt emmer méi Leit sech froen, ob alles wierklech esou evident ass, wéi et duergestallt gëtt.
D'Leit si bereet, hire Bäitrag ze leeschten. Mã si erwaarden sech eng Saach: Kohärenz. Wéi seet d'Spréchwuert „Waasser priedegen a Wäin drénken".
Celestino Fecchi, Zolwer
Dëst ass eng Reaktioun op den Artikel „Die Luxemburger Polizei modernisiert ihre Flotte", vum 25. Mäerz 2026.
31.03.2026 Lien externe avec abonnement possible

Noheet ass net de Problem, falsch Grenzen sinn et …

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

No der Entloossung vum Trainer vun der nationaler Dammenequipe, wéinst sengem Verhalen, ass eng breet Diskussioun an der Press entstanen. Dobäi gouf ënner anerem behaapt, Trainere missten ëmmer eng gewëssen Distanz zu hire Sportler behalen. Ech mengen: Dat ass déi falsch Lektioun.

Ech wëll et kloer soen: Verhale, dat net korrekt ass, muss konsequent verurteelt ginn. Wa Grenzen iwwerschratt ginn, ass et normal a richteg, datt en Trainer aus senger Funktioun erausgeholl gëtt. Do dierf et keng Toleranz ginn.

Mä aus esou Fäll eng allgemeng Reegel ze maachen, datt Traineren op Distanz solle bleiwen, domat sinn ech net averstanen.

Als Trainer mat ville Joren Erfarung hunn ech ëmmer erëm dat Selwecht gesinn: Fortschrëtt entsteet net duerch Distanz, mee duerch Vertrauen. E Sportler entwéckelt sech, wann en sech verstane fillt, wann en sech traut, sech opzemaachen, a wann e weess, datt säin Trainer hannert him steet. Eng ze grouss Distanz kann dozou féieren, datt Problemer net erkannt ginn, datt Kommunikatioun feelt an dat d’Relatioun schwächt. Natierlech brauch et kloer Grenzen. Respekt, Professionalitéit a Verantwortung sinn d’Fundament. Mä dës Grenze sollen net dozou déngen, eng kal Distanz ze schafen, mee eng gesond a staark Relatioun ze garantéieren.

E gudden Trainer ass net deen, deen sech zeréckzitt, mee deen, dee präsent ass. Net als Frënd, mee als Guide no genuch, fir ze verstoen, staark genuch, fir ze féieren.

Net d’Distanz schützt viru Problemer, mee d’Fäegkeet, Grenzen ze respektéieren a Verantwortung ze droen.
17.03.2026 Lien externe avec abonnement possible

Luxair-Fluch op Dubai: Zäit, fir och Merci ze soen

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

No engem Artikel, deen ech viru kuerzem an ärer Zeitung gelies hu mam Titel „400 passagers de Luxair bloqués à Dubai“ vum René Kollwelter hunn ech mech gefrot, ob d’Diskussioun net e bëssen ze vereinfacht gefouert gëtt.

Am Artikel gouf d’Fro gestallt, ob ee „verréckt“ misst sinn, fir an esou e Land ze reesen. Dat kléngt zwar provokativ, mee et gëtt der Realitéit net ganz gerecht. Hanner all Fluch stinn nämlech Mënschen. Mënschen, déi Pläng hunn, Verantwortung droen an heiansdo och berufflech Verpflichtungen hunn.

Ënnert de Passagéier sinn net nëmme Leit, déi an d’Vakanz fléien. Et sinn och Geschäftsleit, déi reesen, fir Kontrakter ze verhandelen, Projeten z’entwéckelen oder wirtschaftlech Bezéiungen opzebauen. Heiansdo hänken dovunner Investissementer, Projeten an och Aarbechtsplazen of, och hei zu Lëtzebuerg.

Mir liewen an enger Welt, déi ëmmer méi international vernetzt ass. Reesen ass haut net nëmmen Tourismus, mee och Austausch, Wirtschaft, Kultur a Kontakt tëscht Länner.

Natierlech gëtt et Spannungen an Onsécherheeten op der Welt. Mee wa mir aus Angscht virun all méiglecher Kris ophale géifen, ze reesen, da misst d’Konsequenz sinn, datt mir doheem bleiwen. An dat kann net d’Äntwert sinn an enger oppener an international orientéierter Gesellschaft wéi déi vu Lëtzebuerg.

Ech mengen och, datt een an dëser Situatioun d’Roll vu Luxair fair beurteele soll. No allem, wat een héiere konnt, gouf eng gutt a transparent Kommunikatioun gefouert, an et goufe vill Efforte gemaach, fir d’Passagéier esou gutt wéi méiglech z’informéieren an eng Léisung ze fannen.

Dofir wëll ech eiser Regierung an och der Direktioun vu Luxair an dem ganze Personal Merci soen. Vill Passagéier hunn erzielt, datt si sech gutt betreit gefillt hunn, an datt d’Ekipp alles gemaach huet, fir eng Léisung ze fannen an d’Leit nees sécher heem op Lëtzebuerg ze bréngen.

Diskussiounen iwwert esou Theme si wichteg. Mee si sollte mat méi Differenzéierung, Fairness an och mat e bësse Respekt gefouert ginn.
09.03.2026 Lien externe avec abonnement possible

Präventioun ass eis moralesch Flicht

Et muss endlech nohalteg an d‘mental Gesondheet an an d‘Begleedung vun de Kanner a jonke Mënschen investéiert ginn, verlaangt den Auteur

Eng Schoul soll eng Plaz vu Schutz sinn. Eng Plaz, wou Kanner sech sécher fillen, wou si dierfe falen, léieren an erëm opstoen. De rezenten Tëschefall um Lampertsbierg, bei deem eng 14-järeg Schülerin mat engem Messer blesséiert gouf, huet dëst Bild brutal zerstéiert. Fir vill Elteren, Léierpersounen a Schüler ass op eemol eng Onsécherheet entstanen, déi méi déif geet, wéi den eenzele Virfall.
Wéi de Parquet et ënnerstrach huet, geet et hei net ëm e banale Fait divers. Wann esou Gewalt an enger Schoul geschitt, da weist dat op eppes, wat scho laang amgaang ass: jonk Mënschen, déi mat Laaschten eleng gelooss ginn, Strukturen, déi net ëmmer kënne gräifen, a Mesuren, déi zwar decidéiert ginn, mee net mat Zäit ëmgesat kënne ginn, well et u Plazen an u passende Strukture feelt. Dat däerf eis net kal loossen.
Gewalt entsteet rar aus dem Näischt. Si wiisst lues, aus Drock, Mobbing, Einsamkeet, aus engem Gefill, net gesinn a net verstanen ze ginn. Wann e Kand esou wäit kënnt, dann ass dat en „Hilfeschrei“, dee mir als Gesellschaft net dierfen iwwerhéieren. Et geet net drëms, Schold ze verdeelen. Et geet drëms, fréi ze erkennen, wou eppes kippt.
Präventioun fänkt net un, wann d’Blutt scho gefloss ass. Si fänkt un, wann e Kand déi éischt Kéier mat Frustratioun, Angscht oder Ausgrenzung konfrontéiert gëtt. Präventioun soll schonn an der Spillschoul ufänken.
Vill Reegelen a Konzepter existéieren an eise Schoulen. Mee Reegelen, déi net am Alldag gelieft ginn, bleiwen huel Wierder. Kanner spieren, ob Erwuessener do sinn, wierklech do sinn. Si spieren, ob een nolauschtert oder just funktionéiert.
D’Affer brauch Schutz, Zäit a vill Mënschlechkeet, fir erëm Vertrauen ze fannen. Mee och eng presuméiert Täterin bleift e Kand. E Kand, dat eppes mat sech dréit, wat et eleng net méi droe konnt. Strof eleng hëlt keen ënnerlechen Drock ewech.
Dëse Virfall soll eis net nëmme schockéieren, mee erwächen. Mir mussen de Mutt hunn, fréi hinzekucken, hinzehéieren an endlech nohalteg an d’mental Gesondheet an an d’Begleedung vu jonke Mënschen ze investéieren. Net muer. Haut. Well Präventioun ass kee Luxus. Si ass eis moralescht Flicht.
Celestino Fecchi,
Zolwer
04.03.2026 Lien externe avec abonnement possible

Selbstverdeedegungscoursen: Wa „STOP“ net méi schützt

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Den Artikel, dee viru kuerzem an der New York Times International Edition publizéiert gouf mam Titel „Self-defense is more than a punch“, Selbstverdeedegung ass méi wéi e Schlag, huet mech interpelléiert an zum Nodenke bruecht.

Selbstverdeedegung fänkt am Kapp un. An der Haltung. Am Setze vu Grenzen. Mee wat geschitt, wa „Stop“ net méi schützt? Viru kuerzem ass eng Participantin no engem Cours bei mech komm an huet gesot: „Du muss mir bäibréngen, Stop ze soen.“

Dëse Saz huet mech net méi lassgelooss. Well „Stop“ kléngt einfach. Mee heiansdo ass et dat net. An enger idealer Welt géif e kloert „Stop“ respektéiert ginn. Mee an der Realitéit kann e Refus eng Situatioun verschäerfen. Eng Grenz kann en Ego verletzen.

Ech enseignéieren zanter iwwer zwanzeg Joer Selbstverdeedegung. Ech praktizéiere Shotokan-Karate an ech sinn och Formateur am Beräich Anti-Gewalt an Deeskalatioun. Mee ech hunn och mat verurteelten Detenue geschafft, ënner anerem am Prisong mat Männer, déi wéinst Gewalt verurteelt goufen. An do gesäit een, wéi Gewalt net op eemol entsteet. Si wiisst. Si klëmmt. Si eskaléiert, well Signaler ze spéit erkannt oder net eescht geholl ginn. Heiansdo hätt eng aner Reaktioun, eng besser Situatiounsleeschtung, en anere Wee kënnen opmaachen.

D’Leit, déi a meng Course kommen, kommen net fir ze schloen. Si kommen, well si sech méi sécher fille wëllen. Well si wëlle verstoen, wéi een Eskalatioun verhënnert.

Mee Präventioun däerf net eleng am Cours stattfannen. Si muss schonn an der Grondschoul ufänken. Deeskalatioun, Konfliktléisung, sozial Kompetenzen a Selbstverdeedegung solle keng Optioun sinn, mee een Haaptfach ginn, an dat schonn an der Spillschoul, dono an der Primärschoul an och am Lycée.

An dofir bleift fir mech eng einfach Wourecht: Et ass besser, Kompetenzen ze hunn an se ni ze brauchen, wéi se eemol ze brauchen an net ze hunn.
19.02.2026 Lien externe avec abonnement possible

Déi verstoppt Säit vun der Pensioun: eng Leere, iwwert déi kaum een schwätzt

Celestino Feccho, Zolwer Tageblatt

Mir schwätzen dacks iwwer Pensiounen, Indemnitéiten an d’Jore vum Schaffen. Awer dobäi vergiesse mir e Punkt, deen aus menger Siicht nach vill méi wichteg ass: d’Einsamkeet vun deene Mënschen, déi an d’Pensioun ginn – eng Realitéit, déi vill méi déif geet wéi all finanziell Diskussioun.

Et sinn elo acht Méint, zanter ech an d’Pensioun gaange sinn. Viru kuerzem hat d’Gemeng Lëtzebuerg déi nei Pensionéierter invitéiert, déi 2025 an d’Pensioun gaange sinn: Dat waren der mat mir genau 138. Et hätt ee misse mengen, et géif eng liicht Atmosphär ginn. Awer wärend de Gespréicher ass eng aner Wourecht opgaangen: Fir vill ass leider d’Pensioun net Rou, mee eng Leere, déi lues an d’Häerz rutscht. Verschiddener hu mir gesot, si géifen déi Zäit vermëssen, wou se geschafft hunn.

E Mann, dee säi ganzt Liewe mat Leidenschaft geschafft huet, huet mir erzielt, wat him am meeschte feelt: net d’Aarbecht, mee déi kleng Momenter. Déi gemeinsam Iddien, d’Gefill, datt seng Stëmm eppes gezielt huet. „Ech hat ëmmer dat Gefill, dass ech eng Roll hunn“, sot hien. „An op eemol … ass et einfach roueg.“ Et war net Nostalgie, mee de Verloscht vu Wäertschätzung an Zesummenhalt.

E Saz vun deem Owend verfollegt mech nach ëmmer: „Wann ee schafft, gëtt ee gelueft … an wann een ophält, gëtt ee vergiess.“ Wéi kann e Liewe voller Engagement esou séier an e Gefill vum Verschwannen ëmgewandelt ginn? Kee bereet ee wierklech op déi Leere vir, déi entsteet, wann d’Gesten an d’Stëmme vum Alldag op eemol feelen. Ech hunn d’Chance, vill Projeten ze hunn, sportlech, kulturell, sozial, an och eng Famill, déi meng Deeg fëllt. Dat mécht et méi einfach. Awer fir déi meescht ass dat net esou. Déi grouss Majoritéit huet weder dës Projeten nach dee soziale Reseau. An do fänkt d’Einsamkeet: unroueg, onsichtbar, awer déif.

Fir vill Leit sinn net Aktivitéiten dat Wichtegst, mee d’Mënschen, déi hinnen op eemol feelen.

Dofir brauche mir Plazen, wou Pensionéierter erëm kënnen andocken: Atelieren, intergenerational Projeten, Spadséiergruppen, Benevolat … net fir se „ze beschäftegen“, mee fir hinnen eng lieweg Plaz ze ginn. Et si Brécken, Botschafte vun Unerkennung: „Du ziels nach. Mir brauchen dech.“

Mir wëlle just, datt een eis och nach no der Aarbecht an deene klenge Momenter vum Liewen erkennt a wäertschätzt.

Et ass genee hei, wou vill Leit e Feeler maachen: Si waarden ze laang. Eng gutt Pensioun baut een net an e puer Méint op. Si brauch Zäit, Jore souguer. Dräi Joer virdrun ufänken ass kee Luxus et ass eng Noutwendegkeet, fir net an d’Einsamkeet ze rutschen.

Eng Gesellschaft, déi hir eeler Matbierger als ofgeschlosse Kapitelen ugesäit, verléiert hir Séil. Eng Gesellschaft mat Häerz.
06.02.2026 Lien externe avec abonnement possible

Schoul ass kee Versuchslabor

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Wéi ech déi Propositioune gelies hunn a verschidden Interviews gelauschtert hunn, fir an de Schoulen unisex Toiletten anzeféieren, hunn ech am éischte Moment geduecht, et wier eng Zort Witz. Fir sécher ze sinn, hunn ech op de Kalenner gekuckt. Nee. Et war net den 1. Abrëll.

Tëschenzäitlech hu verschidde Parteien hir Positioun zu unisex Toiletten an de Schoulen nees „nuancéiert“. Offiziell well d’Iddi falsch verstane gi wier. Inoffiziell well d’Oppositioun aus der Bevëlkerung méi staark war wéi erwaart. An do soll een d’Leit net fir domm verkafen. Verschidde Politiker, déi sech nach viru kuerzem offensiv fir unisex Toiletten agesat hunn, sinn op eemol bemierkenswäert roueg ginn.

D’Schoul ass keng ideologesch Tribün, mee e sensibele Liewensraum. An der Pubertéit ass d’Bezéiung zum eegene Kierper an zur Intimitéit besonnesch empfindlech. Dat ass Realitéit. De Verglach mat der Famill, wou et och keng getrennten Toilettë géif ginn, gräift ze kuerz. Eng Schoul ass en ëffentleche Kollektivraum.

Toiletten unisex anzeféieren heescht net just, e Schëld ze ersetzen. Et heescht, an en intime Raum anzegräifen a praktesch Problemer ze schafen: manner Urinoiren, méi Gedrécks, méi Waardezäiten, méi Aggressiounen. Fortschrëtt fillt sech anescht un.

Problemer entsti seelen aus béisem Wëllen, mee aus Iddien, déi net bis zum Schluss geduecht goufen. Onwuel sinn, Drock oder onpassend Verhale verschwannen net, well een se ideologesch ewechdefinéiert.

Et gëtt Alternativen: Eenzel Toilettë wéi déi ze brauchen a wéi bis elo Toilettë fir Männer/a fir Fraen, ouni e Modell op jiddereen opzezwéngen. D’Intimitéit ze respektéieren, ass kee Réckschrëtt. Et ass gesonde Mënscheverstand.
04.02.2026 Lien externe avec abonnement possible

Wann e räicht Land seng Urgencen an de Spideeler net méi am Grëff huet

Celestino Fecchi, Zolwer

Virun e puer Deeg ass meng Mamm, 82 Joer al, géint 15.15 Auer an d’Spidol zu Esch bruecht an op d’Urgencen am Spidol transferéiert ginn. Hire Gesondheetszoustand huet eng medezinesch Ofklärung verlaangt. Si ass op e Brancard geluecht ginn. An duerno huet d’Waarden ugefaangen.

Eréischt géint 23.45 Auer owes ass si vun engem Dokter ënnersicht ginn. D’Erklärung war kuerz an erniichter: Et war ze vill Betrib. Meng Mamm ass also bal néng Stonnen op den Urgencen am Spidol bliwwe spéit an der Nuecht, eleng, op engem Brancard, an engem Gang mat vill Duerchgangsverkéier, an engem stressvollen Ëmfeld, dat fir eng 82-järeg Persoun schwéier ze erdroen ass.

Ech wëll dat kloer soen: Dëse Bréif ass kee Virworf un d’Gesondheetspersonal. Infirmieren an Doktere schaffen um Limitt, dacks wäit iwwer hir Grenzen eraus. De Problem läit net bei de Mënschen, mee beim System, bei der Organisatioun an de Strukturen.

Besonnesch schwéier ze akzeptéieren ass, datt ech gefrot hunn, bei meng Mamm ze däerfen, just fir datt si net eleng misst bleiwen. Dëse Wonsch ass refuséiert ginn. Mat 82 Joer ass d’Einsamkeet keng Niewesaach. Si verstäerkt d’Angscht an d’Onsécherheet. Eng noost Persoun niewendrun ze hunn, ass heiansdo geneesou wichteg wéi eng medezinesch Moossnam.

Menger Meenung no leeft an de Fonctionnementer vun den Urgencen an eise Spideeler eppes net méi richteg. Heiansdo huet een d’Gefill, datt dëse Fonctionnement éischter un eng Banannerepublik erënnert wéi un e modernt, räicht Land, net wéinst dem Personal, mee wéinst Strukturen, déi net méi funktionéieren an de Mënsch hannen ustellen.

Wann eng 82-järeg Persoun Stonnen op engem Brancard läit, ouni effikass medezinesch Iwwerwaachung an ouni Begleedung vun der Famill, da geet et net méi ëm en Eenzelfall. No deem, wat mir gesot ginn ass, ass dat bal alldeeglech Realitéit. Et handelt sech also ëm e strukturelle Problem.

Lëtzebuerg huet d’Moyenen, dat ze verhënneren. Dat ass keng Fro vu Suen, mee vu Prioritéiten. D’Qualitéit vun engem Gesondheetssystem weist sech net an Zuelen oder Broschüren, mee an deene Momenter, wou Mënschen am meeschte schutzbedürfteg sinn.

Dëse Bréif ass net aus Roserei geschriwwen, mee aus biergerlecher Verantwortung. Well et net normal däerf ginn, esou Situatiounen ze akzeptéieren. Well enges Daags kéint dës 82-järeg Fra d’Mamm vu jidderengem vun eis sinn.
07.01.2026 Lien externe avec abonnement possible

Schréiwen a publizéieren erfuedert Ausdaer an Gedold

Den Auteur verlaangt méi Ënnerstëtzung vu Säite vum Kulturministère fir d‘Lëtzebuerger Literatur an hir Auteuren.

Äre Portrait iwwer de Schrëftsteller Jhemp Hoscheit hunn ech mat vill Interessi gelies. E weist op eng éierlech a realistesch Manéier, datt d‘Schreiwe vill Zäit, Gedold an Ausdauer verlaangt och dann, wann en Auteur schonn unerkannt ass an eng wichteg Plaz an der lëtzebuergescher Literaturlandschaft
Den Artikel mécht awer och eng Realitéit däitlech, déi vill Auteuren deelen: Literatur lieft net nëmme vun Auszeechnungen a Präisser, mee och vun de Strukturen, déi si droen. Fir vill lëtzebuergesch Schrëftsteller ass de Wee laang an heiansdo schwéier, besonnesch wann et ëm de Kontakt mat Editeure geet. Manuskripter bleiwen dacks méi wéi ee Joer ouni Äntwert. Wann een nofreet, heescht et meeschtens, datt alles vill Zäit brauch oder datt d’Kapazitéite begrenzt sinn. Fir déi Betraffen ass dat oft decouragéierend, net well si eng direkt Zouso erwaarden, mee well Rou a Ongewëssheet schwéier auszeschalte sinn.
Hei geet et net drëms, Virwërf ze maachen oder een unzeprangeren. Et geet drëms, eng Situatioun ze beschreiwen, déi wäit verbreet ass, mee seelen ëffentlech ugeschwat gëtt. Wann d’lëtzebuergesch Literatur gestäerkt a laangfristeg gefërdert soll ginn, da brauch et besser Strukturen. Wann de Kulturministère d’lëtzebuergesch Editiounshaiser geziilt kéint ënnerstëtzen, fir Delaie bei den Äntwerten op d’Wierker vu lëtzebuergeschen Auteuren ze verkierze wier dat schonn e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung.
Méi Ënnerstëtzung fir d‘Editeure kéint hëllefen, wa se zu méi Kommunikatioun, méi Transparenz an engem respektvolle Mënsch-zu-Mënsch-Ëmgang mat den Auteure féiert. Eng kloer Réckmeldung an engem raisonabelen Delai, och wa se negativ ass, wier schonn e wichtege Schrëtt a géif vill Ongewëssheet ophiewen.
Literatur ass e wichtegen Deel vun eiser Kultur an eiser Identitéit. Den Artikel iwwer de Jhemp Hoscheit erënnert eis drun, wéi vill Engagement, Zweiwel an Ausdauer hannert all Text stécht. Et wier wichteg, datt dëst Engagement net nëmme gelueft, mee och konkret begleet a gestäerkt gëtt.
Eng Kultur, déi hir Auteuren ignoréiert, schwächt sech selwer an dacks mierkt si et eréischt, wann d’Stëmmen net méi do sinn.
Celestino Fecchi,
Zolwer
05.01.2026

Wann Quoten d’Kompetenz verdrängen

Den Auteur fënnt, dat net méi d’Persoun am Mëttelpunkt steet, mee d’Kategorie, zu där si gezielt gëtt

Haut gëtt vill vun d’Aféierung vu Quote geschwat besonnesch am Kontext vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer, hunn ech net nëmmen nodenke missen, mee och e liichte Mëssgefill verspiert. Net well d’Gläichstellung u sech a Fro gestallt soll ginn si ass wichteg a noutwenneg, mee well d’Léisung, déi virgeschloe gëtt, op den éischte Bléck einfach kléngt an op den zweete Bléck zimmlech komplizéiert gëtt.

Soubal een ufänkt a Quoten ze denken, verréckelt sech de Fokus. Net méi d’Persoun steet am Mëttelpunkt, mee d’Kategorie, zu där si gezielt gëtt. An do gëtt et, menger Meenung no, fragil. Hannert all Funktioun, all Mandat, all Verantwortung steet nämlech e Mënsch mat sengem Parcours, senge Kompetenzen, senger Erfarung, mee och mat senger Bereetschaft, Verantwortung ze droen an Decisiounen ze huelen.

Wa mir haut Quoten aféiere fir Politik, Uni a fir den CA vu Societéiten déi op der Bourse cotéiert sinn , firwat sollen se sech dann nëmmen op d’Geschlecht beschränken? Musse mir da konsequenterweis net och Quoten aféiere fir Senioren a Jonker, fir Leit aus bestëmmte soziale Milieuen, fir Akademiker an Net-Akademiker, fir Stad- oder Landbewunner, fir kulturell oder sproochlech Hannergrënn? Oder gi mir nach e Schrëtt weider a verdeele Funktiounen no Beruffserfarung oder Postleitzuel? Et stellt sech d’Fro, ob mir dann nach wielen oder schonn ausrechnen. Natierlech kann een argumentéieren, datt Quoten temporär Ongläichgewiichter ausgläiche sollen. Mee si droen och e Risiko an sech: d’Gefill, net gewielt ze ginn, well een iwwerzeegt, mee well eng Zuel passt. An dëse klengen Zweifel, och wann en ni ausgesprach gëtt, ka schwéier weie fir déi Betraffen, mee och fir d’Vertrauen an d’Institutiounen.

Wat eis eigentlech leede sollt, ass eppes vill méi Simpelt a gläichzäiteg vill méi Usprochsvolles: d’Kompetenz. Déi Persoun auswielen, déi am beschte gëeegent ass, déi engagéiertst, déi fäegst egal wéi eng Etikett si dréit. Kompetenze loossen sech entwéckelen, beweisen a verantworten, mee se loossen sech net a Prozenter opdroen.

Eng gerecht Gesellschaft misst sech dofir manner an Tabellen a Prozenter, a vill méi am Courage, Verantwortung no Kompetenz ze verginn. Net alles, wat wichteg ass, léisst sech ausrechnen. An net alles, wat sech ausrechne léisst, mécht eng Gesellschaft besser. Vläicht ass et Zäit, sech drun ze erënneren: Kompetenz brauch keng Quote. Si steet fir sech.

Celestino Fecchi,
Zolwer
29.10.2025 Lien externe avec abonnement possible

Anescht ze denken ass kee Feeler, mee eng Stäerkt

Demokratie bedeit, deen anere mat senger Meenung ze respektéieren an net direkt ze veruerteelen, schreift de Lieser

Mir schwätzen all Dag vun Demokratie, Meenungsfräiheet a Respekt, esou vill, datt een heiansdo mengt, mir géifen an engem Philosophieclub liewen. Awer esoubal een eppes seet, wat net an d’Mainstream-Schabloun passt, geet et lass: Kommentaren, Morallektiounen, Entrüstung. Et schéngt bal esou, wéi wann d’Fräiheet nëmme fir déi gëllt, déi dat Richtegt soen.

Déi „richteg“ Meenung kennt ee jo: déi vum Duerchschnëtt, déi vum Net-Opfalen. Awer d’Liewen ass méi komplizéiert wéi e Like oder en Dislike.

Mir hunn dat scho gesi wärend dem Covid. Do gouf et nëmme schwaarz oder wäiss, brav oder „Verschwörungstheoretiker“. Dono koum d’Affär Gerson Rodrigues: wéi een einfach gemengt huet, datt all Mënsch eng zweet Chance verdéngt, war et schonn eriwwer. Wéi kann een esou naiv sinn, net wouer?

Duerno d’Affär Schockmel: en Deputéierten huet emol mat Gefill geschwat an dat war scho genuch, fir e klengen nationale Skandal ze provozéieren. Offenbar ass d’Authentizitéit haut eppes, wat een éischter a Musekswettbewerber fënnt wéi an der Politik.Esouguer de Kardinol Hollerich huet et ze spiere kritt: eng aner Meenung, an d’Hell brennt.

A mat der Ukrain? Wie probéiert, béid Säiten ze verstoen oder just „Dialog“ ze soen, kritt direkt d’Etikett: „Putinversteher“. Wéi einfach, wann een net méi muss nodenken.

Mee vläicht geet et net drëm, ëmmer Recht ze hunn. Vläicht geet et just drëm, erëm e bësse Courage ze hunn, nozelauschteren. Anescht ze denken heescht net, géint d’Welt ze sinn. Et heescht, net blann hannendrun ze lafen.

D’Demokratie misst eigentlech e Raum sinn, wou ee sech géigesäiteg verstane fillt, net eng Arena, wou een deen aneren an den Eck dréckt. A leider huet een dacks d’Gefill, datt vill Politiker méi domat beschäftegt sinn, sech selwer ze profiléieren, wéi wierklech nozedenken oder no Léisungen ze sichen.Hautdesdaags fannen se ëmmer eppes, fir d’Luucht op sech ze zéien an déi ze diskreditéieren, déi anescht denken. Ech fannen dat éierlech gesot e bëssen eekleg.

A vläicht sollt ee sech drun erënneren, dass wann een eng aner Meenung iwwer eppes huet, et net heescht, datt een iwwerhaapt net méi zesummepasst. Mir hu jo nach genuch aner Punkten, wou mir eens sinn och wann dat manner spektakulär ass.

Respekt heescht net, ëmmer ze klappen. Et heescht, den aneren net direkt un d’Kräiz ze neelen, just well en net d’selwecht denkt.

Ech froe mech, ob mir nach wëssen, wat Dialog heescht. Et ass net eng Diskussioun, wou ee waard, bis deen anere fäerdeg geschwat huet, fir dann nach méi haart zréckzeschéissen. Et ass lauschteren, denken, e bësse Mënsch sinn.
13.10.2025 Lien externe avec abonnement possible

D’Monarchie: trotz Kritik gär gefeiert

D‘Politiker wiesselen, mä eis Monarchie verkierpert Bestännegkeet an dat ass hir Stäerkt, seet den Auteur

t ginn der, déi d’Monarchie d’ganzt Joer kritiséieren… an et sinn dacks déi selwecht, déi um Nationalfeierdag mam Glas an der Hand „Vive de Grand-Duc!“ ruffen.

Dat ass typesch lëtzebuergesch: mir knécken, mir meckeren, mir halen eis fir modern… mee wann de Fändel fladdert an d’Hymn gespillt gëtt, da spieren si dach eng waarm Emotioun am Häerz.

Vläicht, well d’Monarchie eeben e Stéck vun eis ass och vun deenen, déi et net wëllen zouginn.

D’Monarchie zu Lëtzebuerg ass keen Dekorstéck a kee Iwwerrescht aus der Vergaangenheet. Si ass eng lieweg Institutioun, déi an eiser Geschicht verwuerzelt ass an no beim Vollek bliwwen ass. An enger Zäit, wou alles ëmmer méi séier geet, d’Wäerter verluer ginn an d’Politik dacks trennt, bleift si ee vun deene wéinege festen Elementer, déi nach stinn.An dat ass vill wäert. Si bréngt Rou, Sécherheet a Gläichgewiicht an eng Gesellschaft, déi heiansdo vergësst, wat wierklech zielt.

Verschiddener soen: „De Staat brauch keng Symboler!“

Mee e Land ouni Symboler ass e Land ouni Séil. Mir hunn d’Kierch scho geschwächt am Numm vun der Modernitéit. Haut mierke vill Leit, datt eppes feelt.

Loosse mir net déi selwecht Feeler mat der Monarchie maachen. Well wa si eemol fort ass, bleiwe just eidel Loft a Bedaueren zréck.
24.09.2025 Lien externe avec abonnement possible

Wann den Ego vun engem Präsident e Konti ent an Gefir bréngt

De Lieser mécht sech Suergen ëm eng militäresch Eskalatioun, nodeem de President Macron ugekënnegt huet, hie géif den Asaz vu Buedentruppen an der Ukrain net ausschléissen

Frankräich geet duerch eng déif sozial an ekonomesch Kris. An amplaz sech ëm d’Problemer am eegene Land ze këmmeren, schwätzt de President Emmanuel Macron elo iwwer d’Méiglechkeet, franséisch Zaldoten an d’Ukrain ze schécken. Sou eng Ausso kann een nëmme mat groussem Staunen ophuelen a si werft vill Froen op.
De Stat ass mat enger Rekord-Schold vu méi wéi 3.000 Milliarden Euro belaascht, d’Inflatioun dréckt ëmmer méi op d‘Kafkraaft a Servicer wéi Gesondheet an Educatioun sinn um Limit. Vill Bierger kämpfen all Mount fir iwwer d’Ronnen ze kommen a gesinn hir Politiker ëmmer méi wäit vun de Realitéiten ewechdriften. A grad an esou engem Kontext schwätzt de Macron vu militäresche Buedemtruppen géint Russland, eng Nuklearmuecht!
Keen zweifelt un der Tragik vum Krich an der Ukrain, an natierlech muss Hëllef kommen, humanitär, diplomatesch a souguer militäresch. Mee en Asaz vu franséische Buedemtruppen ass e Schrëtt, deen net einfach esou, bal spontan, vun engem President kann an d‘A gefaasst ginn, ouni e richtege Konsens ënnert de Partner.
D’Widderspréch si kloer: op der enger Säit gëtt de Leit gesot, si missten ëmmer méi spuersam liewen, Steieren akzeptéieren an de Rimm zouzéien. Op där anerer Säit sti Milliardekäschten an onberechenbar Risiken am Raum, wéi wann d’Land sech dat alles kéint erlaaben. A wéi eng Elteren hätten de Courage, hir Kanner an esou e Krich ze schécken? Wie schéckt säi Jong oder seng Duechter an ee Krich, fir se eventuell ni méi erëmzegesinn? Eng Realitéit, déi zevill oft vergiess gëtt, wann iwwer „Strategie“ geschwat gëtt.
An Europa huet een dës Aussoe net nëmme mat Skepsis, mee och mat Spott opgeholl. Den italienesche Vizepremier, Matteo Salvini, huet zu Mailand drop geäntwert, ouni Filter an ouni politesch Diplomatie: «Setz de Casque op, do e Gilet un, huel der e Gewier an da gees de an d’Ukrain. »
Dës Wierder hu wéi eng op de Bak geklongen a si hunn direkt eng diplomatesch Kris tëscht Paräis an Roum ausgeléist. D’franséisch Regierung huet sech op d’Féiss getrëppelt gefillt an d’italienesch Ambassadrice direkt abestallt.
Mee am Kär weist dës Affär eppes anescht: d’Leit ginn ëmmer méi midd vun de „groussen Téin“ aus de Presidenten hire Rieden, déi selwer kee Risiko droen, mee aner Leit sollen d’Konsequenze droen. D’Fro vum Asaz vu Buedemtruppen an der Ukrain ass net nëmmen eng „Strategie-Fro“. Et ass och eng Fro vu Liewen an Dout a vill Elteren an Europa froen sech haut, ween d‘Recht huet, hir Kanner an esou e Krich ze schécken.
Franséisch Zaldoten an d’Ukrain ze schécken ass keng Klengegkeet. Et ass eng Krichsdecisioun, déi net nëmme Frankräich, mee och Europa als Ganzt mat an de Risiko zitt.
Mäi Message un eis eege Politiker ass kloer: passt extrem gutt op, loosst iech net an déi selwecht Spiral mat eranzéien. Et geet ëm Liewen, ëm Fridden an ëm d’Zukunft vun Europa.
Celestino Fecchi,
Zolwer
17.09.2025 Lien externe avec abonnement possible

D Erënnerung verschwënnt mee léift bleift

Den Auteur seet dem Fleegepersonal e ganz grousse Merci, speziell all deenen, déi sech ëm Leit mat Demenz këmmeren

Meng Mamm lieft zanter Jore mat Demenz. Virun e puer Méint hu mir eng vun de schwéiersten Entscheedunge missten huelen, si an e Fleegestot ze bréngen. Fir vill Leit schéngt esou e Schrëtt wéi en Opginn, mee fir mech war et en Akt vu Léift a Verantwortung. Do kritt si all Dag déi Fleeg an déi Opmierksamkeet, déi mir eleng, trotz eisem Wëllen, net méi hätte kënne garantéieren.
Demenz ass eng Krankheet, déi net nëmmen déi betraffe Persoun, mee och déi Mënschen, déi hir no stinn, déif betrëfft. Et ass wéi e luese Verloscht, deen net opzehalen ass: d’Erënnerungen, déi een zesummegedroen huet, d’Gesiichter, déi fréier esou vertraut waren, d’Geschichten, déi ëmmer erëm erzielt goufen si ginn no an no méi blatzeg. Et ass wéi wann eng wäertvoll Bibliothéik lues a lues eidel gëtt. Awer trotzdeem bleift eng Kraaft onerschütterlech bestoen: d’Léift.
Wann d‘Wierder net méi do sinn fënnt een aner Weeër fir ze kommunizéieren: e Laachen, eng Hand ze drécken, eng Melodie aus der Kandheet, déi nach ëmmer eng Emotioun ervirrifft. Et ass erstaunlech, wéi vill esou kleng Gesten d’Häerz kënne beréieren an eng Stëmmung kënne veränneren. Fir eis kleng Saachen, fir si awer grouss Schätz.
Ech wëll heimat drun erënneren, dass eis eelst Matbierger eis ëmmer brauchen, och wa si eis net méi erkennen. Si spieren nach ëmmer d’Wäermt vun eiser Präsenz, d’Sanftheet vun engem Gest an d’Stäerkt vun eiser Opmierksamkeet. An dësem Kader wëll ech e ganz grousse Merci ausdrécken un dat ganzt Personal, dat sech Dag fir Dag ëm d’Leit mat Demenz këmmert. Si mussen eng onendlech Gedold hunn an en immens grousst Häerz, fir dëse Beruff all Dag erëm mat Häerzblutt an Empathie auszeféieren. Hir Aarbecht ass schwéier a verlaangt vill Kraaft, mee si ass onschätzbar wichteg a verdéngt déi héchst Unerkennung.
Eis Gesellschaft huet eng moralesch Flicht. D’Heemer maachen eng bewonnerenswäert Aarbecht, mee si kënnen d’Famill net ersetzen. Leit mat Demenz brauchen dat Gefill, datt si wichteg bleiwen, datt een se gäer huet an datt si net vergiess ginn.
Demenz léiert eis eng einfach mee fundamental Wourecht: d’Erënnerung ka verschwannen, mee d’Léift bleift. An et ass un eis, dës Léift ëmmer erëm nei lieweg ze maache mat Zäit, mat Präsenz, mat Mënschlechkeet.
Celestino Fecchi,
Zolwer
09.09.2025 Lien externe avec abonnement possible

Wien schützt déi, déi eis schützen?

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Wat an de leschte Woche bei der Gare geschitt ass, ass net méi z’erdroen: Zwou Fraen, Gesondheetsaarbechterinnen, goufen op hirem Wee an d’Spidol brutal ugegraff. Eng gouf mat engem Messer menacéiert, e puer Deeg drop eng aner esou zesummegeschloen, datt si mat bloe Plazen a Bluttspueren op d’Aarbecht koum. A loosst eis éierlech sinn: Dat si keng Ausnamen, dat ass Realitéit. All Dag mussen Dose Leit dëse Wee goen, ze fréi, ze eleng a vill ze oft mat der Angscht am Bauch. D’Fuerderung ass elementar: sécher op d’Aarbecht ze kommen.

Et geet net nëmmen ëm Komfort, mee ëm Respekt an Dignitéit. Gesondheetsaarbechter wéi vill aner am Quartier setzen hir Kraaft an, fir Liewen ze retten an essentiel Servicer ze garantéieren. Wéi kann et da sinn, datt grad si mussen d’Gefor erliewen, selwer ugegraff ze ginn, wann se just hire Beruff maachen?

Onverständlech ass, datt de Kommissariat an der Géigend vun der Clinique bis 7.00 Auer zou ass. Tëscht 5.30 a 7.00 mussen awer vill Leit schaffen, virun allem am Gesondheetssecteur. Genee dann ass d’Gefill vun Onsécherheet am gréissten, an d’Rowdys notzen déi Lück. Wéi soll eng Infirmière roueg op d’Aarbecht goen, wann si weess, datt si eleng duerch d’Gefill vu Gefor muss?

Mir dierfen d’Aen net zoumaachen. D’Attacken sinn net isoléiert, mee de Symptom vun engem méi déifgräifende Problem, deen eng kloer a konsequent Äntwert verlaangt. Eng Policepräsenz muss gestäerkt ginn, besonnesch zu de sensibele Stonnen. Sécherheet däerf keng Auerzäiten hunn. D’Gare vu Lëtzebuerg ass e wichtege Knuetpunkt. Dausende Reesender kommen all Dag hei duerch. Si ass d’Visittekaart vun eiser Haaptstad – aktuell awer gepräägt vu Gewalt, Drogen a Rowdytum. Wëllt een, datt dëst d’Bild ass, wat Lëtzebuerg no bausse weist? Et ass Zäit ze handelen. Net muer, mee elo.

D’Autoritéite musse fir eng sichtbar, reegelméisseg an ofschreckend Policepräsenz suergen. Dat ass essentiel fir d’Vertraue vun de Bierger, d’Glaubwürdegkeet vun den Institutiounen an d’Sécherheet vun all eenzelen. Sécherheet ass kee Luxus, mee e fundamentaalt Recht. Soulaang d’Gesondheetsaarbechter, aner Employéen oder einfach Passanten d’Gefill hunn, si kéinten op hirem Wee op d’Aarbecht ugegraff ginn, soulaang hu mir als Gesellschaft versot. Mir dierfen net waarden, bis déi nächst Schlagzeil e weideren Affer zielt. Elo ass et Zäit fir Courage net bei deenen, déi Liewe retten, mee bei deenen, déi Verantwortung droen.
26.08.2025 Lien externe avec abonnement possible

D’Kompetenz vun de Schwammmeeschteren ass onersetzbar

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

An deene leschte Wochen ass eng Diskussioun entstanen: Wie soll de Kanner d’Schwammen am Beschte bäibréngen? Eng Deputéiert huet ugeschwat, datt dës Aufgab éischter de Schoulmeeschteren géif zoustoen, a Schwammmeeschteren hätten haaptsächlech eng Iwwerwaachungsroll. Mat engem Laachen an och mat Respekt gesot: Dat kléngt schéin op Pabeier, mee an der Praxis ass et esou realistesch, wéi wann een engem Geographiesproff géif soen, hie soll elo Chirurg ginn. Jidderee huet säin Handwierk, an dat soll och esou bleiwen. Schwammen ass näischt Alldägleches. Et ass keng „Stonn“ méi, déi ee just an de Schoulprogramm dréckt, mä eng Liewenskompetenz. Eng, déi am Noutfall Liewen rett. Duerfir brauch et Profien, déi net nëmmen iwwer de richtege Kraul oder d’Schwämmtechnik schwätzen, mee déi och wëssen, wéi ee reagéiert, wann eng Situatioun am Waasser kritesch gëtt.

Déi Profien heeschen net „Schoulmeeschteren“, mä „Schwammmeeschteren“. Natierlech solle mir d’Schoulmeeschteren net kleng maachen. Si maachen eng wonnerbar Aarbecht am Klassesall, si féieren d’Kanner duerch d’Fächer, vermëttele Wäerter a stäerken den Zesummenhalt. Mee am Waasser spillt eng aner Logik. Do geet et ëm Technik, Sécherheet a Präventioun. A ganz éierlech: Kee Schoulmeeschter kann dat mat engem klenge Formatiounsblock ophuelen géint d’Erfarung vun engem Schwammmeeschter. E Schwammmeeschter op eng „Badebetriber“-Roll ze reduzéieren, ass net nëmme falsch, mee och e bësse beleidegend. Et ass, wéi wann een engem Pilot géif soen: „Jo, fléien ass däi Job, mee eigentlech si mir Stewarden och gutt genuch fir d’Cockpit.“ An nee, esou funktionéiert et net.

Wat mir wierklech brauchen, ass d’Stäerkte vu béide Säiten zesummenzebréngen. De Schoulmeeschter soll encouragéieren a virbereeden, de Schwammmeeschter soll d’fachlech Léieren an d’Sécherheet iwwerhuelen. Zesummen ass dat eng staark Kombinatioun. Getrennt oder géinteneen gesat, verléiert een nëmmen Zäit an d’Kanner kréien net déi Ausbildung, déi se verdéngen. Am Endeffekt geet et net drëms, wien de méi laange Schnapp huet an der Debatt, mee drëms, datt d’Kanner sécher am Waasser ginn. A wann dat eist gemeinsaamt Zil ass, da sollt et kloer sinn: D’Schwammmeeschteren hunn déi richteg Kompetenzen. Hei geet et ëm Sécherheet, ëm Liewen an dat soll ëmmer bei de Profie bleiwen.
21.08.2025 Lien externe avec abonnement possible

Fräiwëllege Sportasaz: e Pilier amgaang ze wackelen

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Den Editorial vum Dan Elvinger weist op e Problem hin, deen all Veräin kennt: De Sport fir Kanner bezuelbar ze halen an dobäi d’Finanze vun de Veräiner sécherzestellen. Duerch d’Hëllefe vum Staat a vun de Gemengen ass et haut fir vill Kanner méiglech, Sport ze maachen, ouni datt d’Famill an e finanziellt Lach
fält.

Mee hannert dëser positiver Entwécklung verstoppt sech eng aner Realitéit, déi ëmmer méi dréngend gëtt: Et gëtt ëmmer méi schwéier, Fräiwëlleger ze fannen. An de meeschte Veräiner droen ëmmer déiselwecht Leit d’Haaptlaascht, Woch fir Woch, Joer fir Joer. Scho bei den Trainere fänkt de Problem un: Et ginn ëmmer méi Formatiounen a Qualifikatiounen erfuerdert, déi Zäit an och Sue kaschten. Ouni motivéiert a gutt forméiert Traineren ass kee qualitativ héichwäertege Sport fir Kanner a Jugendlecher méiglech.

Et ass Zäit, de System nei ze denken. Eng éischt a konkret Moossnam wier et, de steierfräie Forfait fir Traineren a Fräiwëlleger däitlech ze erhéijen, fir hiren Asaz net nëmmen ze honoréieren, mee och méi attraktiv ze maachen. Gleeft mir: Et geet net duer, just op déi Fräiwëlleg ze bauen, déi sech ëmmer mellen. All Member soll eng Basis-Cotisatioun bezuelen, onofhängeg dovun, wéi staark en engagéiert ass. E festgeluechten Deel vun dëser Cotisatioun kéint an e Fräiwëllege-Budget goen. Um Enn vum Joer ginn all Asazstonnen zesummegerechent, de Budget gëtt duerch dës Zuel gedeelt, an all Fräiwëllege kritt eng proportionell Entschiedegung. Dat ass kee Loun, mee eng kloer a gerecht Unerkennung fir déi geleeschte Stonnen.

Dës Gerechtegkeet géif duerch en transparent gefouerten Asaz-Register nach gestäerkt ginn. Jidderee kéint esou gesinn, wéi vill hien oder si bäidréit. An d’Gemengen an de Staat kéinten dëse Budget no der Unzuel vun ageschriwwene Kanner zousätzlech ophiewen, fir déi Veräiner ze ënnerstëtzen, déi di meeschte Jonker ophuelen a forméieren.

De Fräiwëllegen-Asaz ass de Motor vum Sport am Associatiounsberäich. Ouni nei, kloer a gerecht Strukture riskéiere mir, dëse Motor op Dauer ze verléieren an domat och d’Kraaft, déi eis Veräiner staark mécht: den onbezuelbare Geescht vum Zesummenhalen am Déngscht vun eise Kanner a Jugendlecher.
31.07.2025 Lien externe avec abonnement possible

De Camouflage wierkt virun allem an de Käpp

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Reaktioun op den Artikel vum Guy Rewenig iwwert d’„Porte ouverte“ vun der Arméi

Merci dem Guy Rewenig fir säin satiresche Beitrag gläichermoosse witzeg, derbäi awer och onangeneem an heilsam. Hannert dem zynesche Laachen steet eng grondsätzlech Fro: Wat vermëttele mir eise Kanner, wann si mat engem (fiktive) Maschinnegewier poséieren, ënnert dem Deckmantel vun engem „Familljefest“? Sécher säin Humor ass sprëtzeg, mee seng Kritik ass präzis. D’Arméi huet hir Plaz an eiser Gesellschaft, natierlech. Si spillt eng wichteg Roll an der Verdeedegung, an der Logistik, an der internationaler Solidaritéit. Awer et ass e groussen Ënnerscheed tëscht erklären … an als Show opféieren. En Truppenübungsplatz an e Spillterrain mat Soundeffekter, Kampfkulissen, Fliger am Déiffluch ass net näischt. Dat ass net einfach Informatioun, dat ass eng Inszenéierung an eng Banaliséierung vum Krich.

Hannert dësem Folklor, de Grillwurschten an der faarweger Ambiance verstoppt sech eppes aneschters: en neit Bild vum Krich, deen als Attraktioun duergestallt gëtt. E Bild, dat sech bei deene Klengsten festsetzt mat Glanz, mat Spaass, mat Selfien a Waffen. A genau do funktionéiert de Camouflage am beschten: net um Schluechtfeld, mee an de Käpp. Wann d’Message verpaakt ass wéi e Spill, gëtt e kaum nach hannerfrot.
An enger Zäit, wou Fridden ëmmer méi zerbriechlech gëtt, wou d’Europa erëm méi onroueg gëtt, a wou Kanner aus Krichsgebidder bis bei eis flüchten, hu mir eng Verantwortung. Net nëmmen eng politesch, mee och eng edukativ. Mir sollten eise Kanner Léieregkeeten mat op de Wee ginn, fir Konflikter ze verstoen an ze verhënneren an net fir se am Spillowend nozespillen.

Wat hei geschitt ass, war net nëmmen eng flott Manifestatioun. Et war e Symbol. A wann Deputéiert sech virun schwéiere Waffen amuséieren, bei engem pseudosimuléierte Kampf applaudéieren a mat Kanner, déi mat Waffen poséieren, stolz an d’Kamera grinsen, da stellt sech d’Fro, ob si sech iwwerhaapt bewosst sinn, wat si hei matdréien. Oder ob si net selwer schonn iergendwéi am Camouflage ënnergaange sinn.
23.07.2025 Lien externe avec abonnement possible

Luc Holtz: Loyalität bis zum Schluss

De Fussball-Nationaltrainer verdéngt e grousse Merci, seet de Lieser

Ech wollt op den Artikel an Ärer Editioun vum 11. Juli reagéieren, dee sech mam Luc Holtz, dem nationale Foussballtrainer, beschäftegt. Säi Message zum Ofschid war éierlech, kloer an duerchgezu mat enger grousser Loyalitéit vis-à-vis vu senge Spiller.
Zanter Joren huet de Luc Holtz eng kloer a konsequent Visioun fir de lëtzebuergesche Foussball vertrueden. Hien huet sech ni dem Populismus erginn an huet och ënner Drock seng Linn gehalen. Hien ass net vu jidderengem verstan ginn. Dacks gouf hie kritiséiert, heiansdo souguer hefteg a leider och net ëmmer fair. Wat mech besonnesch gestéiert huet, war d’Tatsaach, datt verschidde Kriticke vu Leit aus dem eegene Milieu koumen: fréier Spiller, Traineren oder soi-disant „Spezialisten“, déi vergiess hunn, datt hannert all Decisioun e Mënsch steet, mat enger Strategie an engem laangfristege Plang.
Nach méi schwiereg ze verstoen ass, wéi séier verschidde Leit hir Meenung geännert hunn, soubal d’Resultater erëm positiv waren. Amplaz dass een him säi Wëllen a säin Engagement unerkannt hätt, huet een d’Lobeswierder dacks just no gudde Matcher héieren. Dëst „Vesten-Dréinen” ass net fair an och net respektvoll vis-à-vis vun engem Trainer, dee vill fir de lëtzebuergesche Fussball gemaach huet.
Ech fannen déi Ausso an Ärem Artikel ganz staark: „Der Sport und der Fußball sind zur Nebensache geworden, die Leistung der Jungs steht und stand nicht im Mittelpunkt.“ Dat seet vill aus. An de leschte Joren ass d’Diskussioun ronderëm d’Nationalekipp dacks an aner Richtunge gaangen, ewech vum Sportlechen, a méi an dee perséinlechen oder politesche Beräich. Dëst huet dacks d’Aarbecht vum Trainer an d’Leeschtung vun de Spiller an de Schiet gestallt.
De Luc Holtz huet dës Ekipp mat Passioun, Engagement an engem enorme Kämpfergeescht gefouert. Hien hannerléisst Spueren net nëmme sportlech, mee och mënschlech. Hien huet e Grupp geformt, eng Generatioun begleet, a fir eist Land schéi Fussballsäite geschriwwen.
Eise Fussballwee geet weider, dat ass kloer, mee ouni Leit wéi de Luc Holtz wier dëse Wee sécher net sou wäit komm. Hien huet matgebaut, matgeformt, matgedroen. Fir dat verdéngt hien e grousse Merci.
Fecchi Celestino,
Zolwer
02.07.2025 Lien externe avec abonnement possible

Eng Gesellschafft misst méi maachen wéi just veruertellen

Den Auteur plädéiert fir Dialog an eng éierlech Chance op en neien Ufank

’Affär ronderëm e bekannte Futtballspiller, dee fir Gewalt verurteelt gouf, huet fir vill Opreegung an der Press gesuergt. Vill Politiker, Sportler a souguer Historiker hunn hire Pefferkär dozou bäigedroen.
Jo, Gewalt däerf ni verharmloost ginn. An och jo, Feelverhale muss Konsequenzen hunn.
Wie Verantwortung iwwerhëlt, „Reue“ weist a bereet ass, sech ze änneren, soll och d’Méiglechkeet kréien, erëm Deel vun der Gemeinschaft ze ginn.
Engem eng Hand reechen, deen ee Feeler gemaach huet, bedeit net Schwächt mee Reintegratioun. Am Géigendeel et kann ee staarkt Zeeche sinn, datt mir un d’Fäegkeet zur Verännerung gleewen. Bestrofen eleng geet net duer. Heiansdo brauch et Begleedung, Nolauschteren an eng ausgestreckten Hand.
Bekannte Leit däerfe sech natierlech net op hire Status verloossen mee si sollten déi selwecht Chance op Asiicht a „Wiederguttmaachung“ kréien, wéi all aner Mënsch och.
Eng Gesellschaft, déi nëmme verurteelt, vergësst, datt all Mënsch Feeler mécht. Entscheedend ass, wéi mir mat deene Feeler ëmginn.
Dat bedeit natierlech net, datt mir solle Gewalt relativéieren oder net eescht huelen. All Gewaltverdacht muss grëndlech iwwerpréift ginn, an d’Betraffe verdéngen eis Opmierksamkeet an eise Respekt. Mä et gëtt Ënnerscheeder tëscht riichterlecher Strofdot an engem Mënsch, deen e Feeler gemaach huet a bereet ass, aus dësem ze léieren.
Am Sport gëtt oft vun Disziplin, Teamgeescht a Virbildfunktioun geschwat. Mee wat fir e Beispill gëtt et of, wann een direkt ausgestouss gëtt, ouni Méiglechkeet op Erklärung oder Entwécklung? Jidderee ka sech verlafen; wichteg ass, wéi een zréckfënnt.
Reintegratioun soll keen Ersatz fir Konsequenze sinn, mee eng weider Etapp, wou Mënschlechkeet a Glawen un déi mënschlech Entwécklung eng Roll spillen. Mir brauche Courage, net nëmme fir ze sanktionéieren, mee och fir erëm d’Dier opzemaachen, wann ee sech ännere wëll.
Grad a klenge Länner wéi Lëtzebuerg, wou vill Leit sech kennen, ass Transparenz an en oppent Gespréich wichteg. Mir mussen oppassen, dass mir net opgrond vu Bekanntheet méi haart oder méi mëll riichten. Gerechtegkeet bedeit och Empathie an Differenzéierung.
Wou Mënsche versoe kënnen, do kënnen se och wuessen. Net ëmmer verurteelen. Heiansdo einfach d’Hand reechen, dat mécht eis als Gesellschaft staark.
Vill schwätzen haut vun enger haarder Linn, vun null Toleranz, vun engem Beispill statuéieren. Dat kann an e puer Fäll sënnvoll sinn, mee an anere kann et och just nach méi Wonnen hannerloossen. Eng zweet Chance ass keen Zeeche vu Schwächt, mee e Vertrauen an dat Mënschlecht am Mënsch.
Wie wierklech bereet ass, Verantwortung ze iwwerhuelen, soll net fir ëmmer verbannt ginn. Eise Bléck op d’Feeler vun anere verréit och eppes iwwer eis Gesellschaft: Si gëtt net besser duerch Ausschloss, mee duerch Versteesdemech an Engagement.
An dofir plädéieren ech dofir, net ëmmer deen einfache Wee vun der Verurteelung ze goen, mee heiansdo dee méi schwéiere vum Dialog, vun der Reintegratioun a vun enger éierlecher Chance op en neien Ufank
Celestino Fecchi,
Zolwer
14.06.2025 Lien externe avec abonnement possible

Duebel bestrooft? Nee, merci!

Celestino Fecchi, Zolwer Tageblatt

Gerson Rodrigues, de Lëtzebuerger Fussballspiller, gouf vun der Justiz verurteelt fir Gewalt an huet seng Strof ugeholl. Haut ginn et vill Politiker an och vill Leit, déi behaapten, hie misst vum Terrain verbannt ginn, well seng Präsenz net zu engem gudde Bild vum Sport géif passen. Awer ech perséinlech kann dat net esou gesinn, well ech mengen, jidderee verdéngt eng zweet Chance.

E puer Leit soen, seng Präsenz um Terrain géif dem Bild vum Sport schueden. Mee d’Bild vum Sport ass net d’Bild vun enger perfeker Onfeelbarkeet. Et ass d’Bild vum Mënsch. An de Mënsch, vu senger Natur aus, mécht Feeler. De Sport, a senger Schéinheet, besteet net nëmmen aus technesche Gesten oder Victoiren, mee och aus Léieren an der Kraaft, erëm opzestoen.

Wie si mir, fir iwwert deen ze riichten, dee scho verurteelt gouf? Wie si mir, fir engem Mënsch d’Recht ze huelen, sech erëm opzebauen, ze weisen, duerch säin Engagement a säi Verhalen, datt hien eppes aneschters ka si wéi déi Feeler, déi hie gemaach huet? Mir schwätze vu Gläichheet, Gerechtegkeet a Respekt, a gläichzäiteg zweifele mir un dëse Wäerter, wann et eis net bequem ass. Natierlech geet et net drëms, d’Schwéier vum Verbriechen, fir dat hie verurteelt gouf, kleng ze maachen. Gewalt ass inakzeptabel a muss bestrooft ginn. Mee hien huet seng Strof ofgesat. Hie vu sengem Beruff ofzehalen, nodeems hie seng Schold ofgedroen huet, wier wéi eng duebel Strof. Et géif bedeiten, jidderengem, deen eemol gescheitert ass, ze soen, datt hien ni méi opstoen däerf.

Dem Gerson Rodrigues d’Recht ze huelen, weiderzespillen, wier d’Wiesentlechkeet vum Sport ze vergiessen: d’Fäegkeet, erëm opzestoen, ze léieren, sech ze verbesseren. Ech géif mir wënschen, datt mir eng Gesellschaft sinn, déi un de Mënsch gleeft, déi jidderengem d’Méiglechkeet gëtt, erëm opzestoen. Ech géif mir wënschen, datt mir d’Supporter vum Courage, vum Wëllen zur Verännerung sinn. Gerson Rodrigues
verdéngt eng zweet Chance. Net well hien e Fussballspiller ass, mee well hien e Mënsch ass.

Also, éischter wéi hien nach eng Kéier ze verurteelen, reeche mir him d’Hand. Gitt him d’Chance, ze weisen, datt hien et besser ka maachen. A loosst eis eis drun erënneren, datt hannert dem Spiller e Mënsch steet. E Mënsch, deen e Feeler gemaach huet, mee deen, wéi all Mënsch, d’Chance huet, besser ze ginn. D’Justiz huet decidéiert. Elo ass et Zäit, d’Säit ëmzebliederen. An virun allem: Loosst hie liewen.
07.05.2025 Lien externe avec abonnement possible

Wann Schoul zu engem stëlle Schluechfeld gëtt

Mobbing bekämpfen heescht net nëmme Strofmesuren huelen, seet den Auteur.

Et gi Blessuren, déi net bluddeg sinn, a Gekräischs, wat keen héiert. Hannert de Mauere vun eise Schoule léiere Kanner all Dag, dass Gewalt net nëmmen aus Schléi besteet, mä och aus Wierder, aus Blécker voller Veruechtung.
Mobbing, wéi en an engem rezenten Artikel vum „Luxemburger Wort“ gewise gouf, ass keng Ausnam. Et ass eng deeglech Realitéit, verstoppt hannert Indifferenz oder dem Saz: „Et ass net esou schlëmm.”
Kee Kand zerbrécht vun engem Moment op deen aneren. Et geschitt Schrëtt fir Schrëtt: mat engem Spottnumm, engem ausgrenzende Bléck, engem gefilmte Blaméieren, dat iwwer sozial Medie verbreet gëtt. Lues a lues verléiert dat Kand säi Vertrauen, seng Freed, säi Liicht. Hatt verstoppt sech hannert engem künstleche Laachen, an hofft einfach, endlech a Rou gelooss ze ginn.
All Erwuessene muss lauschteren, muss gesinn, wat heiansdo esou schwéier ze gesinn ass. Bildung heescht net nëmmen Algebra a Geschicht léieren. Bildung heescht och Empathie, Courage z’erméiglechen a Solidaritéit ze stäerken.
Bei all Mobbing-Fall ginn et net nëmmen Täter, mä och Zeien. Déi, déi fortkucken, déi matlafen aus Angscht. Mä jiddereen, dee roueg nokuckt, gëtt Deel vum Problem.
Mobbing bekämpfen heescht net nëmme Strofmesuren huelen. Et heescht en Ëmfeld schafen, wou jidderee Plaz huet, wou ënnerschiddlech sinn als Stäerkt gesi gëtt. Et heescht och, als Schoul net d’Aen zouzemaachen fir säi Ruff z’erhalen, mä Verantwortung ze iwwerhuelen.
Och d’Eltere spillen eng entscheedend Roll. Si mussen hir Kanner encouragéieren ze schwätzen, ze soen wa se sech net gutt fillen. E Kand muss wëssen: „Wat s du erliefs, ass wichteg.” Hëllef froen ass keen Zeeche vu Schwächt, et ass Stäerkt.
Mir mussen zesummeschaffen, fir eng Welt ze schafen, wou Frëndlechkeet méi staark ass, wéi Gewalt.
Well all Kand verdéngt et, a Fridden opzewuessen, ouni all Dag mussen ze kämpfe fir säi Recht op Respekt. Well kee Laachen däerf ënnerwee verluer goen, op dem Wee an d’Schoul.
Géint Mobbing ze kämpfen heescht net nëmmen d’Kandheet ze schützen. Et heescht eis Mënschlechkeet ze verdeedegen.
Celestino Fecchi,
Zolwer
Dëst ass eng Reaktioun op den Artikel „Was bei Mobbing in der Schule oder im Netz zu tun ist”, vum 28. Abrëll 2025
16.04.2025 Lien externe avec abonnement possible

Sport déi vergiessen Therapie an de Konsultatiounzëmmeren

De Lieser mécht en Opruff, sech bewosst méi ze beweegen, am Interessi vun der Gesondheet

D’positiv Auswierkunge vum Sport op d’Gesondheet si gutt dokumentéiert. Awer eng rezent Etude vun der Lunex University zu Déifferdeng bréngt en alarméierende Fait un d’Liicht: méi wéi d’Hallschent vun den Dokteren a Therapeuten zu Lëtzebuerg recommandéieren net reegelméisseg Beweegung als Deel vun der Behandlung. Eng verpasste Chance net nëmmen aus medezinescher, mee och aus gesellschaftspolitescher Siicht.
D’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch: Iwwer 600.000 Mënsche stierwen all Joer an Europa wéinst Inaktivitéit. Krankheeten ewéi Diabetes Typ 2, Häerzkreeslaf-Stéierungen, Depressiounen a verschidde Kriibsforme sinn dacks direkt oder indirekt domat verbonnen. Dobäi kéint eng geziilt Beweegungsstrategie e grousse Schrëtt a Richtung Gesondheetssystem Entlaaschtung sinn ekonomesch a mënschlech.
Am Sportssecteur selwer gëtt dës Verantwortung ëmmer méi bewosst ugeholl. Trainer, Coachen an Educateure spillen eng Schlësselroll: Si gesinn all Dag, wéi positiv sech kierperlech Aktivitéit op d’Wuelbefannen an d’Liewensqualitéit auswierkt. Sport ass net nëmmen eng Fräizäitbeschäftegung, mee eng Therapieform ouni Niewewierkungen, déi d’Mënsche stäerkt kierperlech a mental.
E puer Gemengen hu scho konkret Schrëtt gemaach: D’Stad Déifferdeng bitt eng breet Pallett u Beweegungsprogrammer un, déi un d’Bedierfnesser vun all Alterskategorie ugepasst sinn. D’Stad Lëtzebuerg setzt mat hirem Programm „Sports pour tous” zanter Joren op Präventioun, Zougang an Inklusioun. Dës Initiative solle Modellcharakter hunn a weider Gemengen inspiréieren.
De Schlëssel zum Erfolleg läit an engem Kulturwandel: Beweegung muss als normale Bestanddeel vum Alldag ugesi ginn. Et geet net ëm Héchstleeschtungen, mee ëm d’Beweegung am klengen: d’Trap amplaz den Opzuch, mam Vëlo amplaz mam Auto, kuerz Pausen aktiv notzen all Schrëtt zielt.
Wat dobäi oft ënnerbeliicht bleift, ass d’Roll vun de Krankekeesen. Si kéinten eng vill méi aktiv Roll spillen, fir iwwer geziilte Campagnen d’Bevëlkerung zur Beweegung ze motivéieren. Aktuell geschitt do nach ze wéineg.
Eng aner Realitéit, déi een net dierf ignoréieren, ass d’Existenz vun der Pharmalobby, déi ganz staark op d’Medizinwelt awierkt. Soulaang dës Lobby weider en dominante Rôle spillt, ginn d’Doktere bewosst oder onbewosst dozou gedréckt, éischter Medikamenter ze verschreiwen, wéi Alternativen ewéi Sport.
Eng aner Realitéit, déi een net dierf ignoréieren, ass d’Existenz vun der Pharmalobby, déi ganz staark op d’Medizinwelt awierkt. Soulaang dës Lobby weider en dominante Rôle spillt, ginn d’Doktere bewosst oder onbewosst dozou gedréckt, éischter Medikamenter ze verschreiwen, wéi Alternativen ewéi Sport.
Eng aner Realitéit, déi een net dierf ignoréieren, ass d’Existenz vun der Pharmalobby, déi ganz staark op d’Medizinwelt awierkt. Soulaang dës Lobby weider en dominante Rôle spillt, ginn d’Doktere bewosst oder onbewosst dozou gedréckt, éischter Medikamenter ze verschreiwen, wéi Alternativen ewéi Sport.
Ech hu keng fäerdeg Léisung, wéi een dëst dirigéiere kéint, mee ech sinn iwwerzeegt, eise Stat huet aner Hiewele, fir hei géintzewierken andeems en z. B. méi an d’Gesondheetspädagogik an d’Beweegungsförderung investéiert
Als Acteure vum Sport, als Gesondheetsexperten a virun allem als Bierger hu mir eng gemeinsam Verantwortung. Mir musse Beweegung als Recht a Ressource ugoen an esou dozou bäidroen, datt „sportlech Gesondheet“ keng Ausnam, mee den neien Normalfall gëtt. Stied wéi Déifferdeng a Lëtzebuerg weisen: et geet.
Beweegung heescht Heelen. Elo ass et Zäit, dëse Message ze verstäerken
Celestino Fecchi,
Zolwer
17.03.2025 Lien externe avec abonnement possible

Wat maache géint Gewalt an den Schoulen

Schoulen, Enseignanten, Elteren a Politik mussen zesummeschaffen, fir nees e séchert Léierëmfeld ze schafen, mengt den Auteur

An de leschte Joren ass Gewalt an de Schoulen ëmmer méi en Thema ginn. Enseignanten, Schüler an Eltere sti viru Situatiounen, wou d’Schoul net ëmmer déi richteg Äntwert fënnt. Wéi kënne mir dëst verbesseren?
Gewalt an de Schoule gëtt dacks mat Strofen oder Sanktioune behandelt. Mee dat verhënnert net, datt d’Situatioun sech widderhëlt. D’Schoule misste méi fréi erkennen, wann e Schüler Verhalensproblemer huet.
D’Sozialkompetenz vun de Kanner muss gestäerkt ginn. Si musse léieren, hir Emotiounen ze verstoen a Konflikter friddlech ze léisen. D’Enseignantë sollten déi néideg Formatioune kréien, fir mat esou Situatiounen ëmzegoen.
D‘Schoule brauchen e kloert Gewaltpräventiounskonzept. Et sollt e landeswäite Plang ginn, fir Gewalt ze verhënneren an am Fall vu Problemer richteg ze reagéieren. Etlech Schoulen hunn och scho Gewaltpräventiounskonzepter entwéckelt, wat eng ganz gutt Saach ass. Dës Initiativen hëllefen, Gewalt ze reduzéieren an e bessert Léierëmfeld ze schafen. Allerdéngs gëtt et nach vill Schoulen, déi keen esou e Konzept hunn. De Suivi muss och garantéiert sinn, wat leider net aktuell de Fall ass.
Dofir sollt dëst op nationalem Plang agefouert ginn, fir dass all Kanner an all Enseignantë vun enger strukturéierter Preventioun profitéiere kënnen.
Méi Ënnerstëtzung vu Psychologen a Sozialaarbechter ass néideg. D’Enseignanten däerfen net eleng gelooss ginn.
Wann e Schüler Gewalt ausüübt, muss et Konsequenze ginn, mee net nëmmen a Form vun enger Strof. Amplaz vun enger Suspendéierung solle Mediatioun an individuell Gespréicher agesat ginn. D‘Schüler mat widderhuelende Gewaltproblemer solle sech sozial engagéieren, fir Verantwortung fir hir Handlungen ze iwwerhuelen an eng positiv Perspektiv ze fannen.
D’Elteren hunn eng Schlësselroll an der Gewaltpreventioun. Erzéiung fänkt net an der Schoul un, mee doheem. Si solle méi aktiv an d’Schoulpolitik agebonne ginn. Méi Sensibiliséierungsprogrammer fir Eltere kéinte verhënneren, datt Kanner an aggressiivt Verhale rutschen. Eng besser Kommunikatioun tëscht Schoul an Elterenhaus ass essentiel.
D’Schoule kënnen d’Problemer net eleng léisen, d‘Gewalt ass eng gesamtgesellschaftlech Erausfuerderung. Mir brauche méi Präventioun, méi Ënnerstëtzung fir d’Enseignanten a méi Verantwortung vun den Elteren.
Wann dës dräi Komponente richteg zesummeschaffen, kann d’Schoul erëm eng sécher Plaz fir jidderee ginn. Dofir mussen d‘Schoulen, d‘Enseignanten, d‘Elteren an d‘Politik zesummeschaffen.
Nëmmen esou kann e laangfristege Wandel entstoen an d’Kanner kënnen an engem Ëmfeld wuessen, dat hinnen net nëmmen akademesch, mee och sozial eng gesond Entwécklung erméiglecht.
Celestino Fecchi,
Zolwer
Dëst ass eng Reaktioun op den Artikel „Man sieht, was schiefläuft, und kann nichts tun“ vum 10. Mäerz 2025.
27.01.2025 Lien externe avec abonnement possible

All Club soll eng kloer Null-Tolleranz-Politik aféieren

Den Auteur verlaangt eng Respekts-Charta an all Club a Workshoppe fir Spiller, Traineren an Elteren.

Als haaptberuffleche Sportsmoniteur bei der Stat Lëtzebuerg, Trainer am Karate zënter méi wéi 20 Joer, an och als Anti-Gewalt-Trainer hunn ech a menger Karriär schonn oft mat Themen ze dinn, déi mat Respekt, Fair-Play a Gewaltpreventioun zesummenhänken. Ech sinn der Meenung, dass dës Grondwäerter net nëmmen am Fussball, mee an all Sportaarte prioritär musse gefërdert ginn.
D’Problemer vu Gewalt, déi am Sport optrieden, betreffen net nëmmen déi betraffe Persounen, mee och d’Integritéit vun de Veräiner, den Zesummenhalt an d’Motivatioun vu jonke Sportler. Den Artikel iwwer den Zolwer Basketballclub ass en trauregt Beispill, wéi Gewalt de Respekt a Fair-Play a Fro stellt an d’Vertrauen tëscht de Spiller, den Traineren an den Elteren zerstéiert. Dëst ënnersträicht, wéi wichteg et ass, dass mir eis eiser kollektiver Verantwortung bewosst ginn an zesummen aktiv ginn, fir esou Virfäll ze verhënneren.
All Club soll eng kloer Null-Toleranz-Politik aféieren, déi streng géint all falsch Verhale virgeet, egal ob et vu Spiller, Traineren oder Eltere kënnt. Den Artikel weist, wéi negativ sou en aggressiivt Verhalen ass, net nëmme fir déi direkt Betraffen, mee fir déi ganz Equipe.
D’Veräiner hu wichteg Aufgaben an der Präventioun vu Gewalt. Dozou gehéiert: eng Charte vu gudde Verhalen, déi all Member, inklusiv Elteren, ënnerschreiwe soll, mat kloren Engagementer fir Respekt a Konsequenzen am Fall vu Verstéiss; Formatioun fir Traineren a Personal, fir Konflikter ze léisen an Tensiounen ofzebauen; an eng sécher Kommunikatioun duerch anonym Kanäl, fir Verstéiss oder schlecht Verhalen ze mellen.
D’Federatiounen, wéi hei d’FLBB, spillen eng entscheedend Roll am Ënnerstëtze vun de Veräiner. Si kënne Sensibiliséierungscampagnen organiséieren, déi iwwer Respekt a Fair-Play opklären, Ethik-Komiteeën aféieren, déi mat klore Prozeduren dës Eskalatioune behandelen, an Hëllef un d’Veräiner ubidden, egal ob et juristesch, psychologesch oder praktesch Ënnerstëtzung ass. D’Federatioun an d’Veräiner mussen sech zesummendoen, fir d’Basiswäerter vum Sport ze schützen.
räventioun an Opklärung sinn entscheedend. De Sport soll ee Raum sinn, wou ee léiert, seng Emotiounen ze kontrolléieren a mat anere respektvoll ëmzegoen. Fir dat ze erreechen, musse reegelméisseg Workshoppen organiséiert ginn, déi Spiller, Elteren an Traineren aschléissen.
Veräiner a Federatioune mussen e staarkt Beispill setzen, mat engem positiven Impuls. Nieft dem Sanktionéiere vu falschem Verhalen, solle si och déi positiv Aktioune vun hire Membere belounen, wéi z.B. Fair-Play oder gutt Teamaarbecht. Dëse Fall soll eis erënneren, dass Sport net nëmmen en Test vu Fäegkeeten ass, mee eng Plattform fir Wäerter wéi Respekt, Resilienz an Zesummenhalt ze vermëttelen. Mat enger gemeinsamer Verantwortung kënne mir sécherstellen, dass de Sport eppes Inspiréierendes fir jidderee bleift.
Celestino Fecchi,
Zolwer
01.12.2021 Lien externe avec abonnement possible

Gratis Tester géint ville Léit entgéint kommen

Iwwer d'Spaltung vun der Gesellschaft

ls haaptberuffleche Sportsmoniteur bei der Stater Gemeng gesinn ech a mengem Beruff ganz vill Léit, mëttlerweil gëtt et Leit, déi gutt Kolleege waren an elo net méi matenee schwätze wéinst der ganzer Situatioun.
Andeems PCR-Tester gratis wären, géif dat ville Leit entgéint kommen – net nëmmen deenen, déi sech net wëllen impfe loossen (aus wéi engem Grond och ëmmer), awer och all den aneren. Wëll déi Tester sinn eng gutt Method fir d’Ausbreedung vum Virus zu iwwerwaachen – wat besonnesch wichteg ass bäi den asymptomatesche Fäll – an droen domat zu der allgemenger gesondheetlecher Sécherheet bäi.
Op jiddefalls ass et a kengem Interessi, dass mir op dës Manéier eng Zwee-Klassen-Gesellschaft kreéieren, eng – loosse mir soen – intolerant Gesellschaft, déi heimat d’Fräiheete vun engem Deel vu senge Membere reduzéiert. Dës hat och Mënscherechtskommissioun an hirem leschten Avis och schonn ënnerstrach.
Ech wollt awer och der Stater Gemeng Merci soe fir déi Initiativ, wou geholl ginn ass, fir Bongen auszedeele fir an enger Apdikt een zertifiéierte Schnelltest ze maache fir fënnef Euro – ech fannen, dass dat an déi richteg Richtung geet.
Wat menger Meenung ausschlaggebend ass, dass duerch déi gratis PCR-Tester vill méi Leit getest wäerte ginn. An doduerch asymptomatesch Fäll direkt detektéiert ginn, an esou verhënnert gëtt, dass de Virus sech nach méi ausbreet. Mir wieren net déi eenzeg an Europa, wou PCR-Tester gratis wieren – et ginn nach aner Länner an Europa, wou PCR-Tester gratis sinn: Dänemark, Éisterräich, Norwegen, Irland, Holland, Montenegro …
Ech hoffen, dass Lëtzebuerg geschwënn nees zu dëse Länner géif derbäi zielen, an esou dobaussen d'Signal gëtt, dass hei am Land d’Minoritéite respektéiert ginn an net an den Eck gedréckt ginn. An dat Argument, dat vu verschidde Politiker gefall ass, dass eng Majoritéit net fir eng Minoritéit muss bezuelen, loossen ech net gëllen – esou Aussoe si ganz geféierlech fir eis Demokratie an intensivéieren d'Spaltung vun der Gesellschaft. Ech kéint hei nach e puer Beispiller ginn, z. B. Fëmmen – do bezilt och eng Majoritéit fir eng Minoritéit Leit, déi spéider eventuell Kriibs kréien. Een anert Beispill ass den Alkohol, wou verschidde Leit net mäi kapabel si schaffen ze goen, awer trotzdeem en Charge geholl ginn … Als Papp vun dräi Kanner hunn ech d'Experienz gemaach, dass ee mat der Briechstaang oder mat Chantagen net vill erreecht. An dat ass och hei de Fall, wou doduerch, dass Tester elo payant sinn, Drock opgebaut gëtt, fir an der Gesellschaft net méi kënnen deel zu huelen. Ech mengen, dass ee mat Opklärung an Dialog nees Vertrauen opbaue soll, an net mat finanziellem Drock – an da sinn ech iwwerzeegt, dass d’Impfquoten nach wäerte steigen.
Ech géif mir wënschen, dass nees alles ënnerholl gëtt, fir d’Spaltung vun der Gesellschaft direkt zu stoppen. Gratis PCR-Tester ze offréiere wär ee gutt Zeechen – wat dozou bäidréit, dass vläicht e puer Prozent manner Léit sech wäerten impfe loossen, mee der Spaltung vun der Gesellschaft entgéint wierkt an Toleranz a Respekt promouvéiert gëtt.
Dofir wier ech frou, wa mäi Bréif op een oppen Ouer géif falen – dëst am Interêt vun eiser Gesellschaft an eise Kanner – a vläicht Decisiounen, déi geholl gi sinn, nees ze iwwerdenken. Wéi sot eise Premier schonn: „Et kascht wat et kascht!“.
Ee geimpfte, besuergte Bierger a Papp.
Celestino Fecchi, Zolwer

Accès réservé

Connexion administration

L’archive publique reste accessible à tous. La saisie et la gestion des contenus sont protégées par mot de passe.