Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Keng Hand, kee Respekt?

Wann e Mënsch aus reliéise Grënn enger Fra d’Hand net gëtt, heescht dat net automatesch, datt hien si net respektéiert, mengt den Auteur

Ouvrir le journal original ↗ Le journal peut demander un abonnement.
Déi rezent Diskussioun ëm e Spiller vun der Jeunesse Esch, dee weibleche Supporterinnen d’Hand net ginn huet, huet mech zum Nodenke bruecht. Muss aus esou engem Virfall direkt eng grouss gesellschaftlech Debatt ginn?

Wann e Mënsch aus reliéise Grënn enger Fra d’Hand net gëtt, heescht dat net automatesch, datt hien si net respektéiert. Et ginn och Fraen, déi Männer keng Hand ginn. Eng Iwwerzeegung kann ee respektéieren, ouni se ze deelen.

Ech hunn e bestuete Mann aus Syrien mat sechs Kanner sechs Joer laang begleet, him gehollef, en Haus ze fannen, an him bei den administrativen Demarchë bäigestanen. Eemol d’Woch sinn ech bei hie gaangen. Hien huet mech dacks ugeruff, fir mech ëm Rot ze froen.

Seng Fra wousst, wéi vill ech mech fir hir Famill agesat hat. Wéi ech hir eng Kéier aus Reflex d’Hand entgéintgestreckt hunn, huet si mir d’Hand net ginn, mee hir Hand op d’Häerz geluecht, fir mech ze begréissen. Am Ufank war ech skeptesch, well ech dat net verstanen hunn. Mat Ofstand hunn ech verstanen, datt hir reliéis Iwwerzeegung hir de Kontakt net erlaabt huet. Dat huet net geheescht, datt si mäin Asaz net geschat huet. Respekt kann ee mat anere Geste weisen. Esou muss och e Mann, deen enger Fra d’Hand net gëtt, net onbedéngt eppes géint Fraen hunn.
Eng kloer Grenz gesinn ech awer, wann e Mann refuséiert, mat enger Léierin ze schwätzen, just well si eng Fra ass. Do geet et net ëm kierperleche Kontakt, mee ëm d’Unerkennung vun enger Fra an hirer berufflecher Roll. Reliounsfräiheet däerf d’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer net a Fro stellen.

Wier et net méi konstruktiv, fir d’éischt mam Spiller ze schwätzen an eng Léisung ze sichen, éier eng national Ethikkommissioun sech domat beschäftegt? Keng Hand ze ginn ass eng Saach. Mee och ouni kierperleche Kontakt kann ee weisen: Ech respektéieren Iech. E liicht Nécke mam Kapp, d’Hand op der Broscht oder en anere frëndleche Geste kënnen dat ausdrécken. Och de Spiller kéint esou de Supporterinne säi Respekt a seng Dankbarkeet weisen, ouni seng Iwwerzeegung opzeginn.

De Problem entsteet do, wou Fraen als manner wäertvoll wéi Männer ugesi ginn oder esou behandelt ginn. Keng kulturell Traditioun a keng reliéis Iwwerzeegung rechtfäerdegt dat.

An eiser Gesellschaft hu Fraen a Männer dee selwechte Wäert an déi selwecht Rechter. Jiddereen, deen hei lieft oder sech hei néierléisst, muss dës Gläichberechtegung respektéieren. Wann een amplaz vun engem Handschlag en anere respektvolle Geste mécht, hunn ech domat kee Problem. Entscheedend ass, datt d’Fra als gläichwäertege Mënsch unerkannt gëtt. Integratioun heescht och, dës gemeinsam Wäerter ze liewen.

Celestino Fecchi,
Zolwer