Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Gewalt am ëffentleche Raum

Hëllefen bedeit net onbedéngt an e Sträit agräifen. Hëllefen heescht och, eng Persoun, déi Hëllef brauch, net eleng ze loossen, seet den Auteur

Ouvrir le journal original ↗ Le journal peut demander un abonnement.
D’Medieberichter iwwer déi schwéier Gewaltdot géint eng Fra an der Groussgaass, am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg, hu mech nodenklech gemaach. Laut dem Parquet gëtt wéinst dem Verdacht op versichte Mord a Vergewaltegung ermëttelt. Der Fra soll et gelonge sinn, hirem presuméierten Täter ze entkommen.

Wéi si duerno Leit ëm Hëllef gefrot huet, soll si keng direkt Ënnerstëtzung kritt hunn. Eréischt eng Policepatrull huet si a Sécherheet bruecht.

Dëse Fall stellt eng wichteg Fro: Wat maache mir, wann e Mënsch signaliséiert, datt hien a Gefor ass an Hëllef brauch? Grad am Häerz vun eiser Haaptstad däerf esou eng Situatioun eis net egal sinn.

Natierlech soll kee sech selwer a Gefor bréngen. Agräifen heescht net onbedéngt, sech engem Aggresseur kierperlech entgéintzestellen. Et kann och bedeiten, d’Police ze ruffen, aner Leit ëm Hëllef ze froen, eng Oflenkung ze schafen oder beim Affer ze bleiwen.
A mengem Liewe war ech selwer schonn e puer Mol mat esou Situatioune konfrontéiert an hunn ëmmer probéiert, am Kader vu menge Méiglechkeeten ze hëllefen, amplaz ewechzekucken. Och aner Leit an mengem Entourage hu mat enger besonnener Reaktioun Eskalatioune verhënnert. Dat weist: Och eng kleng, awer richteg Reaktioun ka vill bewierken.

Duerch meng Coursen am Beräich Self-Defense a Konfliktmanagement, ënner anerem op der UniPop, stellen ech fest, datt vill Leit net wëssen, wéi si an esou engem Moment reagéiere sollen. Angscht, Iwwerraschung oder Panik kënnen eis blockéieren. Dofir ass et wichteg ze léieren, wéi een als Zeien intelligent reagéiert, ouni sech selwer a Gefor ze bréngen.

Dobäi kënnt, datt een net ëmmer direkt erkennt, wéi eescht eng Situatioun ass. Eng Gewaltdot kann no bausse wéi e Sträit vun enger Koppel oder e private Konflikt ausgesinn. D’Leit zécken a genee dobäi kann wäertvoll Zäit verluer goen.

Hei kéint e Codewuert, dat jidderee kennt, eng wichteg Roll spillen. De System „Ask for Angela“ gëtt schonn op verschiddene Plaze benotzt, fir diskret ze signaliséieren, datt eng Persoun sech menacéiert fillt oder Hëllef brauch.
Firwat net och zu Lëtzebuerg esou e System méi breet bekannt maachen? E kuerzt an einfacht Codewuert, dat dem Personal a Caféen, Baren a Restauranten, awer och der Ëffentlechkeet bekannt ass. Wann eng Persoun dëst Wuert seet, ass d’Botschaft kloer: Si brauch Hëllef. Esou e System misst mat Sensibiliséierung verbonne sinn, fir datt jidderee weess, wéi séier a besonnen ze reagéieren ass.

Mir wäerten ni all Gewaltdote verhënnere kënnen. Mee mir kënnen se besser erkennen, besonnen reagéieren a virun allem eng Persoun, déi Hëllef brauch, net eleng loossen. Solidaritéit bedeit och, Verantwortung ze iwwerhuelen, wa mir gesinn, datt en anere Mënsch a Gefor ass.

Ee Wuert, fir den Zweiwel ewechzehuelen. Ee Wuert, fir Hëllef auszeléisen.

Well Courage net ëmmer bedeit, kierperlech anzegräifen. Heiansdo fänkt Courage ganz einfach domat un, net ewechzekucken.

Fecchi Celestino,
Zolwer