Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Schaffen, spueren, kafen an duerno bestrooft ginn?

Eng Wunneng, déi eidel steet, bedeit net onbedéngt Spekulatioun. Et däerf een net all Situatioun iwwer ee Leescht zéien, seet den Auteur

Ouvrir le journal original ↗ Le journal peut demander un abonnement.
Et gëtt vill doriwwer geschwat, eidelstoend Wunnengen ze besteieren. Ech verstinn, datt mir eng Wunnengskris hunn an datt vill Famillje keng bezuelbar Wunneng fannen. Mee ass et gerecht, dofir d’Proprietären ze bestrofen?

Vill Leit hunn hiert ganzt Liewe geschafft, gespuert an op villes verzicht, fir sech en Haus oder eng Wunneng ze kafen: als Sécherheet fir den Alter oder fir hire Kanner eppes ze hannerloossen. Hannert esou engem Besëtz stiechen dacks och Erënnerungen an Hoffnungen.

Eng eidel Wunneng ass net automatesch Spekulatioun. Vläicht muss se renovéiert ginn, vläicht ginn et familiär Grënn. Aner Proprietären hu schlecht Erfarunge mam Verloune gemaach. Mir sollten net all Situatioun iwwer ee Leescht zéien.

Et ass och en Ënnerscheed, ob een eng eenzeg Wunneng net verlount oder ob een eng zéng Wunnengen eidel stoe léisst. Am zweete Fall kann ee sech sécherlech froen, ob eng Tax ubruecht wier.

Ech kennen eng eeler Koppel, déi hiert ganzt Liewe geschafft huet an en Haus zu Esch besëtzt. Si hunn och en Appartement zu Schëffleng kaf, fir no bei hirem Jong ze sinn an op hir Enkelkanner opzepassen. De Weekend fuere si reegelméisseg an hiert Haus op Esch.

Fir net ze riskéieren, eng Tax fir dat offiziell onbewunnt Haus ze bezuelen, huet sech eng Persoun zu Schëffleng ugemellt an déi aner zu Esch.

Mir schwätze mat Recht iwwer d’Suerge vun de Locatairen. Mee och Proprietäre verdénge Verständnis a Schutz. E puer hu scho missten erliewen, datt Loyeren net bezuelt oder Wunnenge beschiedegt goufen. Wa Prozedure laang daueren a Reparaturen deier sinn, fille si sech dacks eleng gelooss. Ech verstinn, datt si zécken, nach eng Kéier ze verlounen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt méi Schutz fir Proprietären dozou bäidroe géif, méi eidel Wunnengen op de Maart ze bréngen. De Staat sollt fir d’éischt besser Garantien a méi einfach Prozedure schafen an ofwaarden, ob sech d’Situatioun verbessert, ier nei Taxen agefouert ginn.

Haut Esch, a muer? Wat geschitt, wann ëmmer méi Gemengen esou eng Tax aféieren? A wann de finanziellen Drock esou grouss gëtt, datt Proprietären hir Wunneng géint hire Wëlle verlounen oder verkafe mussen? Fir mech stellt dat Froen iwwer hir Entscheedungsfräiheet.

Ech froe mech och, wéivill Gebaier a Wunnengen, déi dem Staat oder de Gemenge gehéieren, eidel stinn. Ier een de private Proprietäre weider Taxen operleet, sollt een eng transparent Bestandsopnam maachen an déi ëffentlech Gebaier notzen, wou dat méiglech ass. Staat a Gemenge solle mam gudde Beispill virgoen.

Ech wëll d’Leed vun de Leit, déi keng Wunneng fannen, net klengrieden. Mee Solidaritéit däerf net bedeiten, datt mir d’Leeschtung an d’Rechter vun anere vergiessen.

Hannert engem Haus stiechen heiansdo véierzeg Joer Aarbecht, Hoffnung a Verzicht. Solle mir deene Leit net och nolauschteren, ier mir iwwer hiert Eegentum entscheeden?

Fecchi Celestino,
Zolwer