Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Oppositiounsaarbecht brauch méi, wéi e Barbecue

De Lieser erwaart, dass de Bedruchsfall zu Déifferdeng an enger sachlecher Diskussioun opgeschafft an net duerch Karikaturen an d‘Lächerlecht gezu gëtt

Ouvrir le journal original ↗ Le journal peut demander un abonnement.
Eng Karikatur, déi Gemengepolitiker beim Verkaf vun Diffburger weist, fir 400.000 Euro an d‘Kees ze kréien, soll sécher Schmunzelen doen. Bei mir werft se éischter d’Fro op, wat si zu enger konstruktiver Debatt bäidréit.

Den Ëmgang mat ëffentleche Sue muss kritesch iwwerpréift ginn. Eng Oppositioun soll präzis Froe stellen, Transparenz verlaangen an op méiglech Feeler hiweisen. D’Bierger hunn en Usproch op kloer Äntwerten. Et geet ëm hir Suen an ëm hiert Vertrauen an déi politesch Verantwortlech.

Mee Kritik gewënnt net u Qualitéit, wann een déi Betraffe lächerlech mécht. Persounen, déi op Bedruch eragefall sinn, mussen hir Decisiounen erklären. Hir Verantwortung ze iwwerpréiwen ass legitim. Spott ersetzt awer weeder Argumenter nach eng seriö Analys. Et sollt méiglech sinn, eng Decisioun schaarf ze kritiséieren, ouni déi mënschlech Dignitéit vun de Betraffenen aus den Aen ze verléieren.

Hannert all politeschem Mandat steet och e Mënsch. E Mënsch mat Gefiller, enger Famill an engem Liewen ausserhalb vun der Politik. Perséinlech Attacke kënnen och déi Leit treffen, déi him nostinn, a Spueren hannerloossen. Dat mécht mech traureg. En ëffentlecht Mandat bedeit net, datt ee keng Gefiller méi huet. Och Familljemembere kréien esou Biller a Bemierkunge mat, obwuel si fir déi politesch Decisioune keng Verantwortung droen.
Esou eng Approche riskéiert och, onnéideg Spannungen am Gemengerot ze schafen. Si verhäert d’Fronten, wou e sachlechen Austausch a gemeinsam Léisunge gebraucht ginn. Wie sech perséinlech ugegraff fillt, wäert kaum méi oppen op säi Géigner duergoen. Domat ass der Gemeng wéineg gehollef.

An ech stelle mer schonn d’Gesiichter vun de Bedrüger vir, wa si dës Karikatur gesinn. Wat si sech dobäi wuel denken? Si dierften häerzlech laachen: Hir Affer ginn elo och nach ëffentlech lächerlech gemaach.

Natierlech huet politesch Satir hir Plaz an enger Demokratie. Si däerf provozéieren. Mee och si muss sech Kritik gefale loossen. A wie Respekt fuerdert, soll en och am Ëmgang mam politesche Géigner weisen.

Ech erwaarde vun enger Oppositioun konkret Virschléi: Wat ass falsch gelaf? Wéi eng Kontrollmechanisme musse verbessert ginn? Wéi kann een esou e Virfall an Zukunft verhënneren? Dat sinn d’Froen, déi eis weiderbréngen, an dofir brauch et eng sachlech Debatt.

De Grill ass séier gezeechent. Déi iwwerzeegend Iddie géif ech awer och gär gesinn.

Celestino Fecchi,
Zolwer