Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Wéivill Kontroll loosse mir eis nach gefalen?

De Lieser mécht sech Suergen, dass ëmmer méi Donnéeë vun eis gesammelt ginn a gesäit dat als Verloscht vu perséinlecher Fräiheet

Ouvrir le journal original ↗ Le journal peut demander un abonnement.
Mir liewen an engem demokratesche Rechtsstaat, an deem Sécherheet a Fräiheet Hand an Hand goe sollten. Mee ech hunn ëmmer méi d’Gefill, datt de Bierger ëmmer méi kontrolléiert an iwwerwaacht gëtt.

Déi geplangten automatesch Erfaassung vun Autosplacken ass fir mech en neit Beispill dofir. De Staatsrot huet eng formell Oppositioun géint de Gesetzesprojet vum Innenminister Léon Gloden erhuewen. Esou Bedenke verdéngen eng eescht Äntwert.

Ech si fir eng staark an effikass Police. Si muss déi néideg Mëttelen hunn, fir géint Kriminalitéit virzegoen. Mee tëscht enger geziilter Kontroll an der systematescher Erfaassung vun onbescholtene Bierger besteet e groussen Ënnerscheed.

An Europa hunn ech ëmmer méi d’Gefill, datt bis an dee klengsten Detail vun eisem Alldag alles gereegelt gëtt. Dobäi kommen ëmmer nei Méiglechkeeten, eis ze iwwerwaachen. Wou féiert dat hin? Wéivill Plaz bleift nach fir perséinlech Verantwortung a Vertrauen an de Bierger?
Reegelen hunn hir Berechtegung. Mee eng fräi Gesellschaft brauch och Fräiraim. De Bierger ass kee Roboter, deem säin Alldag bis an de leschten Detail programméiert a kontrolléiert soll ginn.

Mat kënschtlecher Intelligenz kéinten ëmmer méi Donnéeë matenee verknëppt an ausgewäert ginn. Esou kéinten detailléiert Profiller vun eise Beweegungen a Gewunnechten entstoen. Dat heescht net, datt dëse Projet schonn all dat virgesäit. Mee et weist, firwat mir kloer Grenze brauchen.

Haut sinn et eis Autosplacken. Muer vläicht aner Donnéeën iwwer eist Privatliewen. Net alles, wat technesch méiglech ass, ass och an enger Demokratie wënschenswäert.

Wat mech besonnesch beonrouegt, ass dës lues Entwécklung. All nei Kontroll gëtt mat Sécherheet, Präventioun oder Effizienz begrënnt. Eenzel gekuckt kléngt dat vläicht vernënfteg. Mee zesumme kënnen dës Mesuren eis Fräiheet ëmmer méi aschränken.
mir gewinnen eis drun. Aus enger Ausnam gëtt eng Gewunnecht an aus enger Gewunnecht eng nei Normalitéit.

D’Politik muss noweisen, datt esou Mesuren néideg, verhältnisméisseg a kloer begrenzt sinn. Wien dierf op d’Donnéeën zougräifen? Wéi laang gi se gespäichert? Wien iwwerpréift hir Notzung? A wéi gëtt Mëssbrauch verhënnert?

Dës Froe stellen heescht, seng Verantwortung als Bierger eescht ze huelen. Sécherheet ass eng zentral Aufgab vum Staat. De Schutz vun eise Grondrechter ass et och.

Eng Demokratie kann hir Fräiheet a klenge Schrëtt verléieren, wann ze vill Leit ze laang roueg bleiwen.

Dofir sollte mir eis Fräiheet verdeedegen, éier mir eis un hir Aschränkung gewinnt hunn.

Celestino Fecchi,
Zolwer