Presse et archive

Leserbriefe et textes publiés

Choisissez un titre dans l’archive pour lire la lettre complète. Le journal d’origine reste accessible lorsqu’un lien est disponible.

← Choisir une autre lettre

Kronospan: Fortschrett jo, awer net op Käschte vun den Awunner

De Lieser fuerdert e Begleetcomité fir d'Belaaschtunge fir d'Leit duerch d'Entreprise regelméisseg ze moossen an transparent ze publizéieren

Wat bedeit eigentlech Liewensqualitéit? Fir déi meescht Mënschen heescht dat, moies d'Fünster kënnen opzemaachen, am Gaart ze sëtzen, d'Kanner dobausse spillen ze loossen oder einfach doheem Rou ze fannen, ouni permanent mat Kameidi, Stëbs a Geroch konfrontéiert ze sinn.
Fir ëmmer méi Awunner vu Suessem, Zolwer, Bieles an Déifferdeng ass dat awer net méi selbstverständlech. Vill Leit hunn den Androck, datt hir Liewensqualitéit vu Joer zu Joer ofhëlt. Wat fréier als eenzel Be-laaschtung empfonnt gouf, schéngt sech haut ëmmer méi ze summéieren. Famill-jen, Kanner an eeler Leit, déi do liewen, hunn e Recht op e gesond a rouegt Emfeld.
Viru Kuerzem hu sech ronn 150 Awunner aus der Cité Scheierhaff vun Zolwer getraff, fir zesummen no Léisungen ze sichen an ze iwwerleeen, wéi een an dêsem Dossier virukomme kéint. Déi grouss Partici-patioun weist, datt et sech net ëm eenzel Reklamatiounen handelt. Dobäi ass ze bedenken
datt dës Reunioun nemmen d'Awunner vun der Cité Scheierhaff betraff huet. Och aner Quartiere gesi sech mat änleche Suergen a Belaaschtunge konfron-téiert. Dësen Dossier ass deemno fir déi ganz Regioun wichteg.
An engem Rechtsstaat ass et net d'Aufgab vun de Bierger, d'Anhale vun den Emweltvirschretten duerchzesetzen. Des Verantwortung läit bei de zoustännegen Autoritéiten, déi d'Reegelen iwwerwaache mussen an d'esondheet an d'Liewensqua-liteit vun der Bevëlkerung ze schützen hunn. De Site vu Kronospan ass an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn. Vill Awun-ner hunn den Androck, datt och d'Be-laaschtunge fir d'Noperschaft zougeholl hunn. Nieft Stëbs, Kaméidi a Lichtver-schmotzung beaflosst den intensiven Trafic vu Camionen den Alldag vu ville Bewunner staark. Besonnesch an de leschte Méint gi Stëbs a Kaméidi vu ville Betraffe-nen als däitlech méi intensiv empfonnt.
Dobäi kënnt nach en neie Projet: Um selwechte Site ass geplangt, zwee Wandrie-der opzeriichten. Vill Awunner fäerten, datt doduerch nach weider Belaaschtunge kéin-ten derbäikommen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, d'Auswierkunge vun dësem Projet transparent ze analyséeren an d'Bevelkerung fréi an éierlech an de Prozess mat anzebannen. Kee stellt déi wirtschaftlech
Bedeitung vu Kronospan oder déi vill Aar-bechtsplazen a Fro. Mä d'wirtschaftlech Entwécklung däerf net op Käschte vun der
Liewensqualitéit vun den Awunner goen.
Beid Aspekter mussen zesumme beducht
ginn an net géintenee gestallt ginn.
Dofir wier et ubruecht, regelmeisseg onofhängeg Kontrollen duerchzeféieren, d'Resultater transparent ze publizéieren an e Begleetcomité mat Vertreder vun den Autoritéiten, der Entreprise an den Awunner op d'Been ze stellen.
Fortschrëtt ass wichteg. Mä richtege Fortschrëtt gëtt et eréischt dann, wann och d'Liewensqualitéit vun de Mënschen, déi niewendru wunnen, respektéiert gëtt.
Celestino Fecchi,
Zolwer